Martin Ryle

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Sir Martin Ryle, gebuer de 27. September 1918 zu Brighton a gestuerwen de 14. Oktober 1984 zu Cambridge war en britesche Radioastronom, deen en neiaartegt Radioteleskopsystem entwéckelt hat, dat fir genee Positiounsbestëmmunge vu schwaache Radioquelle gebraucht gouf. Fir déi Leeschtung krut hien zesumme mam Antony Hewish am Joer 1974 den Nobelpräis fir Physik.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Ryle war en Neveu vum britesche Philosoph Gilbert Ryle. No sengem Physikstudium op der University of Oxford 1939, hat hie während dem Zweete Weltkrich bei der Entwécklung vum Radar matgeschafft. Nom Enn vum Krich krut hien e Stipendium am Cavendish Laboratory vun der University of Cambridge, wou hie vun 1948 bis 1959 Dozent war. 1957 gouf hien Direkter vum Mullard-Radioastronomie-Laboratoire an 1959 Professer fir Radioastronomie. Zanter 1952 war hie Member vun der Royal Society a vun 1972 bis 1982 Haffastronom. A senge leschte Liewensjoren hat hie sech fir déi nuklear Ofrëschtung agesat. De Ryle war Amateurfunker[1] an hat d'Ruffzeechen G3CY.

Wëssenschaftlech Leeschtung[änneren | Quelltext änneren]

Während senge fréiere Joren zu Cambridge hat hien eng Radioastronomiegrupp geleet, an där Kataloge mat kosmesche Radioquellen opgestallt goufen. Wichteg bei där Aktivitéit war d'Opstelle vum "Third Cambridge Catalogue" ("3C"), deen e wichtegt Hëllefsmëttel bei der Entdeckung vum éischte quasistellaren Objet ("Quasar") 3C 273 war. Ufanks der 1960er Joren hunn dem Ryle seng Aarbechten um Mullard-Observatoire d'Theorie vum Urknall ënnerstëtzt. Fir kosmesch Radioquellen z'observéieren, déi wäit ewech leien, wéi Quasaren, hat de Ryle d'Apertursynthes entwéckelt. D'Grondlag dofir hat eng Interferometermethod geliwwert, déi schonn 1891 vum Albert Abraham Michelson fir astronomesch Zwecker agesat gouf. D'Apertursynthes vum Ryle hat no folgendem Prinzip funktionéiert: D'Opléisung hänkt vun der Basislinn of, also vun engem Teleskopenofstand, woubäi een da méi genee Informatiounen iwwer d'Struktur vun enger Radioquell kritt, wann d'Observatiounen mat ënnerschiddlechen Antennenofstänn duerchgefouert ginn. Duerch d'Zesummeschalte vu verschiddene raimlech getrennten Teleskopen an där doduerch vergréisserter Wénkelopléisung gouf et méiglech, d'Radioquellen op der Sonn, Radiogalaxien, Quasaren a. ä. kosmesch Radiostraler genee ze lokaliséieren.

Duerch déi Method gouf d'Lokaliséierung vum éischte Pulsar méiglech.

Fir déi bunnbriechend Leeschtung krut hien 1974 zesumme mam Antony Hewish den Nobelpräis fir Physik, woubäi fir d'éischt en Nobelpräis als Unerkennung fir astronomesch Fuerschung vergi gouf.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Francis Graham-Smith: Nachruf in Biographical Memoirs of Fellows of the Royal Society, Vol. 32 (Dec., 1986), pp. 496–524
  • Harenberg Lexikon der Nobelpreisträger. Dortmund, 2000.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]