Martine Solovieff

Vu Wikipedia
Dësen Droitsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Martine Solovieff
Gebuer 5. Oktober 1957
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vu Stroossbuerg,
Collège d'Europe
Aktivitéit Jurist

D' Martine Solovieff, gebuer den 5. Oktober 1957[1] an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Juristin.

Si huet vun 1977 bis 1981 op der Universitéit Stroossbuerg Droit studéiert an dës Studie mat enger Maîtrise ofgeschloss, an nach ee Joer um Collège d'Europe zu Bruges en Certificat des Hautes Études européennes gemaach. Dono war si, vun 1982 bis 1985 Affekotin um Barreau vun der Stad Lëtzebuerg a gouf dunn Attachée de justice. Um Stater Parquet gouf si 1986 Substitut, 1992 Éischte Substitut an 1996 Substitut principal.[2]

1999 gouf d'Martine Solovieff zum Avocat général ernannt, an 2005 zum Premier avocat général.[2]

Si gouf am Februar 2015 vum Regierungsrot als Nofollgerin vum Robert Biever als Procureur général designéiert[3] an den 1. Juli 2015 vereedegt; si huet hiert Amt den 1. August 2015 ugetrueden.[2]

Zanter Juli 2023 ass si och Presidentin vum Conseil national de la justice, dee mam Akraafttrieden vun der neier Verfassung agefouert gouf[4][5].

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (en)Martine Solovieff | Paperjam + Delano Business Guide. paperjam.lu. Gekuckt de(n) 30.06.2023.
  2. 2,0 2,1 2,2 "Martine Solovieff iwwerhëlt Successioun vum Robert Biever." rtl.lu, Leschten Update: 01.07.2015, 17:27:13.
  3. "Martine Solovieff neie Procureur général." rtl.lu, 28.02.2015, 12:16:21.
  4. "Procureur Général d'Etat Martine Solovieff als nei Presidentin vereedegt." rtl.lu, 30.06.2023.
  5. (fr)Arrêté grand-ducal du 22 mai 2023 portant nomination des membres du Conseil national de la justice. data.legilux.public.lu (22.05.2023). Gekuckt de(n) 08.07.2023.