Martinsklouschter (Tréier)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e reliéist Gebai ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Emblème op der Fassade vum Martinsklouschter

Op der Héicht vun der Keeser-Wëllem-Bréck zu Tréier läit um Muselufer déi fréier Benediktiner-Abtei St. Martin. Haut ass just nach de Westflillek vum Renaissancebau (1626), deen als Studentewunnenge benotzt gëtt, an eng spéitgotesch Kräizegungsgrupp (1498) erhalen.

De réimesche Prokonsul Tetradius soll ëm 386 seng Villa un de Galliemissionär Martin vun Tours verschenkt hunn, wou spéider eng Martinskierch mat enger reliéiser Communautéit entstanen ass, déi am 8. Joerhonnert Benediktreegel iwwerholl huet. D'Abtei huet seng Héichzäit am 13. Joerhonnert erlieft, wéi si an d'mëttelalterlech Stadmauer mat abezu ginn ass an d'Martinspaart entstanen ass.

No der Opléisung vun der Abtei am Joer 1802 gouf e Groussdeel vun de Gemaier ofgerappt. De reschtlechen Deel gouf laang Zäit vun enger Parzeläinsfabrik benotzt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Martinsklouschter – Biller, Videoen oder Audiodateien