Mary II. vun England

Vu Wikipedia
Mary II. vun England
Gebuer 30. Abrëll 1662 jul.
Gestuerwen 28. Dezember 1694 jul.
Doudesursaach Pouken
Nationalitéit Kinnekräich England
Aktivitéit Aristokrat, Politiker, Kinnigin, Monarch
Famill
Papp James II. vun England

D'Mary II., gebuer den 30. Abrëll 1662 am St. James's Palace zu London a gestuerwen den 28. Dezember 1694 am Kensington Palace zu Kensington, war Kinnigin vun England, Schottland an Irland.

Si war déi eelst Duechter vum James II. vun England (1633–1701), gouf protestantesch erzunn a 1677 mat hirem Koseng Willem III. vu Oranien, dem Gouverneur vun der Republik vun de Siwe Vereenegte Provënzen, bestuet. Si hu fir d'éischt eng Zäitchen an Holland gelieft.

Wéi hire Papp gestierzt gouf, well e gär England rekatholiséiert hätt, stoung d'Mary op der Säit vun hirem Mann an ass no der Glorious Revolution, den 11. Abrëll 1689, zesumme mat him, op den engleschen Troun komm.

Wann hire Mann méi laang um Tour war, fir Schluechten doruechter ze féieren, huet si eleng d'Regierungsgeschäfter gefouert. Si ass mat just 32 Joer un de Pouke gestuerwen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Eckhart Hellmuth: Wilhelm III. und Maria II. (1689–1702 und 1689–1694). In: Peter Wende (Hrsg.): Englische Könige und Königinnen. C. H. Beck. München 1998, ISBN 3-406-43391-X, S. 157-176.
  • Marita A. Panzer: Englands Königinnen. Verlag Friedrich Pustet, Regensburg 2001, ISBN 3-7917-1749-9, S. 157-169.
  • William Arthur Speck: Mary II. In: Oxford Dictionary of National Biography (ODNB), Bd. 37 (2004), S. 124-135.
  • Adolphus William Ward: Mary II. In: Dictionary of National Biography (DNB), Bd. 36 (1893), S. 354-365 (gemeinfrei).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mary II. vun England – Biller, Videoen oder Audiodateien