Mary Victoria Hamilton
D'Mary Victoria Douglas Hamilton gebuer den 11. Dezember 1850 zu London, a gestuerwen de 14. Februar 1922 zu Budapest, war Prinzessin vu Monaco.
Si gouf als Meedche vum William Alexander Anthony Archibald, dem 11. Herzog vun Hamilton, (1811-1863) a senger Fra der Prinzessin Maria-Elisabeth vu Baden (1817-1888) am Hamilton palace zu London gebuer.
Den 21. September 1869 huet si sech um Schlass vu Marcahis mat dem Prënz Albert vu Monaco bestuet.
D'Bestietnes war net glécklech, a si huet Monaco schonns no e puer Méint verlooss, fir erëm bei hirer Famill ze liewen, meeschtens zu Baden-Baden. Do koum och hire Bouf Louis, de spéider ënner dem Numm Louis II. Fürst vu Monaco gouf.
1880 gouf d'Scheedung an d'Annulatioun vum Bestietnes gesprach a si huet gläich drop den 2. Juni 1880 de Fürst Tassilo Festetics vun Tolna bestuet, mat deem si nach 4 Kanner krut:
- Mária (1881-1953)
- Georg (1882-1941)
- Alexandra (1884-1963)
- Karola-Friederika (1888-1951)
D'Mary Victoria Hamilton ass de 14. Februar 1922 zu Budapest gestuerwen a gouf och do begruewen.
Si ass d'Ururgroussmamm vum Prënz Albert II. vu Monaco an duerch hiert zweet Bestietnes ass si och an der Famill vum Moudendesigner Egon von Fürstenberg an der Schauspillerin Ira von Fürstenberg.
| Commons: Mary Victoria Hamilton – Biller, Videoen oder Audiodateien |
