Maryse Krier

Vu Wikipedia
Maryse Krier
Gebuer 2. Januar 1953
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Lycéesprofesser
Member vun Lëtzebuerger Schrëftstellerverband

D'Maryse Krier, gebuer den 2. Januar 1953 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Schrëftstellerin.

No hirem Germanistik- an Anglistikstudium an der Stad an zu Saarbrécken gouf si Sproocheprofesser zu Diddeleng (LTNB) an zu Esch-Uelzecht (LHC). Si huet 15 Joer laang d'Schülertheatergrupp vum LTNB geleet.

Als Coauteur vu Schoulbicher huet si un de Wierker "Das Eselsohr" an "Das Eselsohr 2" matgeschafft.

D'Maryse Krier war Comitésmember vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband. Zanter 1990 publizéiert si Kuerzgeschichten a Gedichter an der Zäitschrëft Galerie. Fir hir Kuerzgeschicht Herzschlag krut si 2000 de Prix Libertés. Hir Erzielung Herzschlag gouf 2004 ënner dem Titel Marta vum Léon Weis verfilmt.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Auf langen Wegen...; Kuerzgeschichten & Gedichter; vu Galerie editéiert, Déifferdeng 1998.
  • Herzschlag; Roman; Éditions Schortgen, Esch-Uelzecht, 2002.
  • Das Haus am Fluss; Roman; Éditions Schortgen, Esch-Uelzecht, 2005.
  • Der Geburtstag; Roman; Éd. Schortgen, 2009.
  • Die Andere; Roman; Éd. Saint-Paul, 2015.
  • Allen Ernstes; 12 satiresch Geschichten; Kremart Edition, 2016.
  • Die verbleibende Zeit; Roman; Éd. Saint-Paul, 2018, ISBN 978-99959-2-020-3

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]