Massakere vu Machecoul

Vu Wikipedia

  Haaptartikel zu dësem Theema: Krich an der Vendée 

Massakere vu Machecoul.

D'Massakere vu Machecoul waren eent vun den éischten Evenementer am Krich an der Vendée. Zu de Massakere koum et den 11. Mäerz 1793 zu Machecoul, engem klenge Chef-lieu an der Loire-Inférieure wat och e räicht Handelszentrum war. An der Stad hunn zu dëser Zäit vill Bierger gewunnt, déi duerch d'Revolutioun u Plazen an der Administratioun komm waren, an déi zu den Haaptaffer vun de Massakeren duerch d'Vendéens gezielt hunn.

Am Mäerz 1793 hu vill Vendéens den Dekreet zu der Levée en masse vum 24. Februar 1793 refuséiert, an hu géint d'Convention nationale rebelléiert. Sou koum et zu Banden, déi d'Bevëlkerunge vun Noirmoutier a Machecoul massakréiert hunn.

Den 11. Mäerz 1793 gouf Machecoul vun enger ganzer Mass aus den Nopeschgemengen ugegraff, déi verlaangt hunn, datt d'Levée en masse misst gestoppt hin. Dat klengt Vollek vum Faubourg Sainte-Croix huet sech den Opstännegen ugeschloss, ënner anerem fir sech un de « Messieurs » aus der Stad ze rächen. D'Garde nationale war mat dësem Ugrëff komplett iwwerfuerdert, an huet op d'Leit geschoss. D'Revoltéiert sinn doropshi richteg rose ginn, an hunn d'« habits bleus » duerch d'Stroosse vun der Stad gejot a si ëmbruecht, souwéi och eng Partie vun den notabelen Awunner, wéi de konstitutionelle Curé.

De Souchu, den ale Procureur fiscal vun de Lännereien, huet sech un d'Spëtzt vun den Opstännege gestallt, an eng Zort Geriicht opgebaut, wat d'Patrioten, déi zwee an zwee uneneegestréckt waren, (« en chapelet »), erschéisse gelooss huet. De Charette, deen och bei de Massakeren dobäi war, huet näischt ënnerholl fir dës ze stoppen.

Déi genee Zuel vun den Affer ass net bekannt. De Procureur vum Distrikt vu Montaigu schwätzt vu 575 Affer, mä et ass onméiglech dëst z'iwwerpréiwen. Aner Schätzunge schwätze vu 400 bis 800 Doudeger. De Jean-Clément Martin notéiert a sengem Bilan op d'mannst 160 Affer[1].

D'Folgen[änneren | Quelltext änneren]

De Charette.

D'Massakere vun Noirmoutier a virun allem vu Machecoul hunn eng penibel Impressioun hannerlooss. Déi kleng Stad läit net wäit ewech vun Nantes, a sou waren och d'Patriote vu Machecoul zu Nantes bekannt. De Souchu huet eng ondefinéierbar Zuel dovu massakréiere gelooss - tëscht 68 an 800 jee no Historiker - an deene 40 Deeg, wou hien d'Stad a senger Hand hat. Hien huet den Abt Prioul eng Mass hale gelooss, nieft de "monceaux de cadavres dépouillés de leurs vêtements, et demeurés par ordre sans sépultures".

De Colonel Jean-Conrad Wieland (1754-1794), dee Machecoul nees zeréckeruewere konnt, huet iwwer d'Massakeren e Rapport geschriwwen:

"On compte qu'ils ont égorgé plus de quatre cent patriotes de Machecoul et des environs. Nos gardes nationaux ont été contempler avec horreur une fosse où, le matin même, on venait de joindre neuf victimes qui y étaient entassées. Quelques cadavres n'étaient pas entièrement couverts, ce qui fit naître l'idée de les exhumer. On trouva sur eux des marques de vengeance la plus cruelle et la plus féroce ; des femmes s'étaient permis d'y commettre des indécences que l'on ne peut exprimer. On les garrottait ensemble et on les fusillait. Ensuite, détachant leurs liens, on promettait la vie à ceux qui pouvaient se relever, mais bientôt ceux qui faisaient des efforts pour se séparer des tas de morts et des mourants furent achevés à coups de pique et de crosse de fusil parmi les cris des cannibales et des anthropophages qui se repaissaient de leurs douleurs et de leur sang."

D'Patriote vun der Vendée, virun allem d'republikanesch Notabelen, déi iwwerlieft hunn, sinn an déi grouss Stied an der Noperschaft geflücht, op Nantes, Angers, Saumur....

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Albert Soboul (Ersg.), Dictionnaire historique de la Révolution française, Quadrige/PUF, Paräis, 1989.
  • Jean-Clément Martin, Contre-Révolution, Révolution et Nation en France, 1789-1799, Le Seuil, Paräis, 1998. (ISBN 2-02-025872-2)
  • Jean-Clément Martin, Violence et Révolution. Essai sur la naissance d'un mythe national, Le Seuil, Paräis, 2006. (ISBN 2-02-043842-9)
  • Roger Dupuy, "La République jacobine. Terreur, guerre et gouvernement révolutionnaire, 1792-1794", Band 2 vun Nouvelle histoire dela France contemporaine, Le Seuil, Paräis, 2005. (ISBN 2-02-039818-4)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Jean-Clément Martin, « La Révolution a coupé la France en deux », L'Histoire, n°311.