Massenoire

Vu Wikipedia
Massenoire
D'Massenoire-Gebai riets nieft den Héichiewen (2013)
Land Lëtzebuerg
Plaz Esch Ulzecht, Belval
Adress Avenue du Rock-n-roll
Koordinaten 49° 30’ 2’’ N 5° 56’ 54’’ E
Baustil Industriearchitektur

D'Massenoire-Gebai, och nach Schwaarz-Mass-Gebai genannt [Source?], ass zanter 2010 e Musée an Dokumentatiounszentrum um Belval. Et läit am Universitéitsquartier direkt nieft den Héichiewen A a B.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bis Enn vun den 1970er Joren ass an deem Gebai d'Stoppmass (schwaarz Mass, well Kuelestoff ënner Form vu Kock oder Kuele mat dra verschafft gouf a Godrong als Bannmëttel gebraucht gouf) produzéiert ginn. Déi gouf gebraucht fir d'Spundlach vun den Héichiewen nom Ofstéch ze stoppen. Wéi Enn vun den 1970er Joren d'Géigendrockverfahre béi den Héichiewen agesat gouf, gouf keng Stoppmass méi gebraucht, an de Produktiounsatelier gouf zougemaach.

Ausstellung[änneren | Quelltext änneren]

D'Ausstellung befaasst sech mat der Geschicht vun den Héichiewen a vun der Stolproduktioun um Belval, vun der Adolf-Emil-Hütte bis ArcelorMittal, a vun der Stolindustrie zu Lëtzebuerg am Allgemengen.

Ausserdem informéiert d'Ausstellung och iwwer d'Wirtschaft an d'Entwécklung vun de Stied an der Minettsgéigend.

Referenzen, Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • Info op visitluxembourg.com
  • Infosäit op der Websäit vum Fonds Belval