Maternité Grande-Duchesse Charlotte

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Maternité Grande-Duchesse Charlotte an der Stad Lëtzebuerg ass 1936 opgaangen.

D'Croix-Rouge luxembourgeoise an hir Vice-Presidentin Aline de Saint-Hubert hu sech un den däitschen Architekt Otto Bartning adresséiert fir nom Modell vun der Landhausklinik zu Berlin-Wilmersdorf e Projet fir eng Maternité zu Lëtzebuerg auszeschaffen. D'Landhausklinik zu Berlin gouf an de Joren 1930 bis 1931 gebaut. Fir en Neibau z'erlaben gouf dëst Gebai 2005 an 2006 bis op de Kellernivau ofgerappt.

D'Pläng fir d'Maternité an der Stad Lëtzebuerg goufe vum Otto Bartning an Zesummenaarbecht mam Paul Meller entworf a vum lëtzebuergeschen Architekt Hubert Schumacher ausgefouert.

1962 ass d'Gebai ëm ee Stack erhéicht ginn.

D'Maternité Grande-Duchesse Charlotte gehéiert zum ëffentlechen Etablissement Centre hospitalier de Luxembourg.

[änneren] Literatur zum Thema

  • Antoine Prum: Maternité Grande-Duchesse Charlotte in: L'architecture moderniste à Luxembourg. Les années 30. S. 36 - S. 41, Musée d'histoire de la Ville de Luxembourg, 1997, ISBN 2-919878-02-6

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen