Mathias Huss

Vu Wikipedia
Mathias Huss
Gebuer 5. Januar 1860
Konsdref
Gestuerwen 23. Februar 1928
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Agronom, Drécker

De Mathias Huss, gebuer de 5. Januar 1860 zu Konsdref[1] a gestuerwen den 23. Februar 1928 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergesche Politiker, Agronom an Dréckereibesëtzer.

Hie gouf eng éischte Kéier bei de Chamberwale vum 26. Mee 1908 als Deputéierte vum Kanton Iechternach an d'Chamber gewielt, a gouf bei deene vum 9. Juni 1914, vum 23. Dezember 1915, deene fir d'Assemblée constituante vun 1918, an dann nees, als Ost-Deputéierten, bei de Chamberwale vum 26. Oktober 1919 a vum 1. Mäerz 1925 erëmgewielt. Hie blouf bis zu sengem Doud Deputéierten an der Chamber.[3]

Nom Doud vum Philippe Bech gouf hien 1914 President vun der Rietspartei an ass dat och bis zu sengem Doud bliwwen.[1]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Noruff op de Mathias Huss an der Luxemburger Illustrierte N°4 vun 1928
  2. 2,0 2,1 2,2 Doudesannonce vum Mathias Huss am Luxemburger Wort vum 23. Februar 1928 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2017-06-05.
  3. Ried vum Emile Reuter beim Begriefness vum Mathias Huss Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2014-12-14.
  4. Memorial A N°4 vun 1923 mat enger Lëscht vu Leit déi 1923 am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen