Mathias Schou

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Musical note nicu bucule 01.svg Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Mathias Schou, gebuer den 30. Mäerz 1747 zu Gréiwemaacher, gestuerwen de 17. Oktober 1824 zu Eech, war e Museker a Spillmann - haut giff ee wuel Entertainer soen -, deen als de Blannen Theis[1] am ganze Land bekannt war.

Iwwer säi Liewen ass wéineg bekannt. Mat senger Fra Barbe a mat sengem Hond si si uechter d'Land gezunn an hu Vollekslidder virgedroen. De Blannen Theis huet d'Gei gespillt a gesongen, seng Fra huet derbäi gedanzt.

Hien ass ee vun deenen éischten am deemolege Lëtzebuerg, dee Vollekslidder systematesch gesammelt huet. Et ass net bekannt, ob hie selwer och Lidder komponéiert huet. Säi Repertoire gëtt engem en Abléck an d'Liewe vun de Baueren an den einfache Leit am 19. Joerhonnert, mat Lidder wéi:

  • De klenge Männchen
  • Den Éim Steffen
  • Et leeft eng Geess iwwert d'Hesprenger Bréck
  • Et war e Meedchen zu Gëtzen
  • Hopp Marjänn
  • Léif Gevuedesch
  • Zu Arel op der Knippchen

Nach eng etlech Joren no sengem Doud sinn Anekdoten a Spréchelcher vun an iwwert hie verzielt ginn. Sou soll hien z. B. nom grousse Brand, 1822 zu Réimech gesot hunn: "Wann dat net géint d'Wandlais ass, da weess der Däiwel, wat besser ass."

Zu Gréiwemaacher ass d'rue Mathias-Schou no him benannt. 150 Joer no sengem Doud huet d'Lëtzebuerger Post en Timber zu sengem Gedenken erausbruecht.

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]

  1. Theis ass en Hypokoristikum vum Virnumm Mathias. Dëse Patronym ass geleefeg am Miselerland, awer och an Däitschland an an der Belsch.