Mathias Tresch
De Mathias Tresch, gebuer den 8. Mee 1876 zu Lëntgen a gestuerwen den 31. Oktober 1942 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Journalist a Schrëftsteller.
No der Première (1897) am Kolléisch, huet de Mathias Tresch zu Paräis a Berlin Romanistik a Philologie studéiert, a gouf duerno Enseignant op der Industrie- an Handelsschoul zu Esch-Uelzecht, an duerno an der Stad Lëtzebuerg.
Hien huet regelméisseg an Zäitschrëften an Zeitungen ewéi Les Cahiers Luxembourgeois, L'Indépendence Luxembourgeoise, Jongheemecht a La Grive publizéiert. Do dernierft huet hie pedagogesch Wiereker geschriwwen, ewéi Grammaire théorique et pratique de la langue française a Lettres sur l'éducation.
Ënnert de Pseudonymer Ignotus a Leo Montanus huet hien och antiklerikal Texter geschriwwen, dorënner Aus dem Tagebuch einer hysterischen Nonne oder: wie das Wundermädchen Klara Moes (1832-1892) Luxemburger Bischöfe stürzte und auf den Thron brachte. Weiderhin huet de Mathias Tresch sech fir Lëtzebuerger Folklor a Bräicher intresséiert, absëns fir Vollekslidder; fir La Chanson populaire luxembourgeoise krut en e Literaturpräis.
Hie war Sekretär vun der APESS, Matgrënner vun de Volleksbildungsveräiner (1908) an der SELF (1934). Ausserdeem war e Membre correspondant vun der Sektioun fir Linguistik, Folklor an Onomastik vum Institut grand-ducal a vun 1936 u Member vun der Société des Gens de Lettres de France.
De Mathias Tresch war de Mononk vum Théo Kerg.
Bibliographie [änneren]
- Frank Wilhelm 2003: Mathias TRESCH 1876-1942. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 335-337. éditions saint paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-419-9.
- Mannes, Gast, 2007. Tresch, Mathias. S. 619-620 in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zusammen mit Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit und Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.