Mathieu Lamberty
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Mathieu Lamberty, gebuer den 18. Juni 1911 zu Molenbeek an der Belsch, a gestuerwen de 16. Dezember 1993 zu Lëtzebuerg, war e Komponist, Dirigent an Organist. Nodeems en an der Belsch Professer an engem Lycée war, ass en op Lëtzebuerg komm. Nom Zweete Weltkrich huet hien um Belair d'Uergel gespillt. Hie war Museksprofesser an der Industrieschoul um Lampertsbierg
De Mathieu Lamberty huet geeschtlech a weltlech Musekswierker komponéiert, Arrangementer, ënnert anerem fir de Variété vun der Nationalloterie, an och eng Operett, De Clochard.[1]
Wierker [änneren]
- Domine salvam fac
- Compositions
- An der grousser hellger Nuecht
Referenzen [änneren]
- ↑ Luxemburger Lexikon - Das Grossherzogtum von A - Z, S. 238