Mathieu vun Arras

Vu Wikipedia
Mathieu vun Arras
Gebuer 1290 jul.
Arras
Gestuerwen 1352
Prag
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Architekt, Sculpteur, Steemetzer

De Mathieu vun Arras, däitsch: Matthias von Arras, tschechesch: Matyáš z Arrasu; gebuer géint 1290 zu Arras a gestuerwen 1352 zu Prag, war e franséischen Architekt a Baumeeschter, Vertrieder vun der Héichgotik, dee virun allem a Béimen geschafft huet.

De Mathieu vun Arras war Architekt um Haff vum Poopst zu Avignon. Do gouf e vum Kinnek Jang de Blannen 1344, op Recommendatioun vum mieresche Maarkgrof a spéidere Keeser Karel IV. op Prag geruff, fir do d'Veitskathedral (Katedrála svatého Vítanach) nom Virbild vun de Kathedrale Saint-Just-et-Sain-Pasteur zu Narbonne an Notre-Dame zu Rodez ze bauen.

Den 21. November 1344 gouf de Grondstee geluecht. De Mathieu huet 8 Joer laang, bis zu sengem Doud, d'Aarbechte geleet. An där Zäit gouf den ëstlechen Deel vum Chouer mat den Arkaden an de fënnef Kapelle ronderëm fäerdeg gebaut. No sengem Doud ass de Peter Parler 1356 mat den Aarbechte virugefuer.

1348 huet hien donieft ugefaangen, fir de Karel IV. d'Buerg Karlštejn ze bauen.

Vum Mathieu sinn och d'Pläng vun der Prager Karlsbréck, der Prager Neistad an der Kierch Notre-Dame vun Týn (Chrám Panny Marie před Týnem), op der Alstad-Plaz zu Prag.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • V. Mencl: Česká architektura doby lucemburské, Prag, 1948
  • České umění gotické, Prag, 1970
  • V. Mencl: "Poklasická gotika jižní Francie a Švábska a její vztah ke gotice české", Umění 19, 1971, S. 217
  • A. Merhautová: Katedrála sv. Víta v Praze, Prag 1994

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Matthias of Arras – Biller, Videoen oder Audiodateien