Mathilde d'Udekem d'Acoz

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Prinzessin Mathilde beim belschen Nationalfeierdag den 21. Juli 2008

D'Mathilde Marie Christine Ghislaine d'Udekem d'Acoz, gebuer zu Uccle den 20. Januar 1973, ass zanter dem 4. Dezember 1999 d'Fra vum belsche Prënz Philippe, Herzog vu Brabant, deen den 21. Juli 2013 Kinnek vun de Belsch gouf.

Si ass d'Duechter vum Grof Patrick d'Udekem d'Acoz an der Gräfin Anne Komorowski, déi aus Polen kënnt.

D'Mathilde an de Philippe hu 4 Kanner:

  • Elisabeth Thérèse Marie Hélène (* 25. Oktober 2001 zu Anderlecht). D'Elisabeth ass d'Trounierwin vun hirem Papp;
  • Gabriel Baudouin Charles Marie/Gabriël Boudewijn Karel Maria (* 20. August 2003 zu Anderlecht);
  • Emmanuel Leopold Guillaume François Marie (* 4. Oktober 2005 zu Anderlecht);
  • Eléonore Fabiola Victoria Anne Marie (* 16. Abrëll 2008 zu Anderlecht).

Trivial[änneren | Quelltext änneren]

D'Mathilde ass zënter 1831, wéi d'Belsch no der Revolutioun en eegene Kinnek haten, déi éischt belsch Kinnigin déi op belschem Territoire op d'Welt koum.

Wope vun der Mathilde d'Udekem d'Acoz.
Commons: Mathilde d'Udekem d'Acoz – Biller, Videoen oder Audiodateien