Mathis (Auto)

Vu Wikipedia
E Mathis EMY4S vun 1933
Logo vu Mathis

Mathis war eng elsässesch Autosfabréck, där hiren Numm op den Émile Ernest Charles Mathis (1880-1956) zeréckgeet.

Ursprénglech hat de Mathis déi gréisst Garage zu Stroossbuerg, den "Auto-Mathis-Palace". Hien hat d'Distributioun vun den Autosmarken Panhard & Lavassor, Fiat an De Dietrich. Mat dem jonken Ettore Bugatti huet hie sech am Fréijoer 1904 zesummegedoen, fir en eegenen Auto ënner der Mark Hermès ze fabrizéieren. De Bugatti huet den Design fir zwéi Modeller entworf, déi mat 28, 49 an 98 PS Motoren ausstafféiert waren.
Zwee Joer drop war et schonn mat der Zesummenaarbecht tëscht deenen zwéin eriwwer, an den Dragutin Esser, en Autospilot, huet zwéi Modeller entworf, déi 2.025 oder 2.253 ccm Motoren haten, déi vu Stoewer zu Stettin, dat déi Zäit zu Däitschland gehéiert huet, gebaut goufen.

Ëm 1910 sinn déi éischt richteg Mathis-Autoen op de Maart komm.