Matt Lamb
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Matt Lamb, gebuer 1932 zu Chicago (USA), ass en amerikaneschen, international bekannte Moler, Sculpteur, Philosoph a Friddensaktivist.
Inhaltsverzeechnes |
De Moler [änneren]
De Matt Lamb war Entreprener, ier hien de Pinsel an de Grapp geholl huet. Mat 51 Joer huet hie säi Business verkaaft an ass Moler ginn. Hien schafft mat groussem Asaz a senge weltwäiten Atelieren zu Chicago, Wisconsin, Florida, Irland, Frankräich, Däitschland an Argentinien. Hie moolt net nëmmen abstrakt, mä och hallef-abstrakt a figurativ Tableauen, och wa seng abstrakt Biller hien am beschte kennzeechnen.
Seng Moltechnik [änneren]
De Matt Lamb zeechent sech duerch seng eegen, originell Moltechnik aus. Hie fält op duerch seng modern, faarweräich, net figurativ Ueleg-Biller, déi an engem laange Prozess entstinn, bekannt ënner dem Ausdrock DIP. Nodeems hie seng Biller gemoolt huet, seng Kanner wéi hie seet, setzt hie se dobausse méint- oder joerelaang de Laune vum Wieder aus. Da behandelt hie se mat enger Flam vun enger Aart Léitkollef oder Flamewerfer. Doduerch kréien seng Biller een eegenaartege Glanz a transforméiere sech zu engem "schillernden Ganzen", woubäi schwaarzgemoolte Billerpartien eegewëlleg ervirtrieden.
Muséeë, wou Biller vun him ausgestallt sinn [änneren]
- Russesche Staatsmusée, Sankt Péitersbuerg,
- Centre-Picasso, Horta,
- Centre Joan Miró, Mont-Roig,
- Westminster Kathedral, London,
- Espace Pierre Cardin, Paräis,
- Museo di Sant’Apollonia, Venedeg,
- Vatican Museée fir Modern Konscht, Vatikanstad,
- Kochhaus, Schengen,
- De Matt Lamb huet u villen internationalen Ausstellungen deelgeholl. Am Mee-Juni 2008, war eng Ausstellung mat Biller vum Matt Lamb an der Galerie vum Croisièreschëff MS Europa.
De Friddensapostel [änneren]
De Matt Lamb ass net nëmme Moler, mä och een onermiddleche Weltenbummler, dee mat senger Fra duerch d'Welt zitt a Fridde priedegt. Hien hält Konferenzen, organiséiert Seminairen a hëlt déi verschiddenst Initiativen a sengem Asaz fir Rou a Fridden an der Welt. Eng vu sengen originellsten Initiativen huet hien ënner dem Begrëff Prabbelie fir de Fridden (Umbrellas for Peace) gestart. Duerch d'Verdeele vun zéngdausende Prabbelien u Schoulkanner an der ganzer Welt huet hien d'Jugend fir d'Erhale vum Fridden an der Welt motivéiert. De Matt Lamb ass als Matgrënner vun der Schengener Friddensstëftung och enk mat Schengen a Lëtzebuerg verbonn.
Literatur [änneren]
- Speer Richard:Matt Lamb, the art of success. John Wiley & Sons, New Jersey 2005
- Enrique Mallen, Richard Speer, Miquel Anguera i Brú, Sebastián Benedetti: Lamb encounters Miró. smkt university press, Tünsdorf 2004
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Matt Lamb – Biller, Videoen oder Audiodateien |