Matteo Renzi

Vu Wikipedia
Matteo Renzi
Gebuer 11. Januar 1975
Florenz
Nationalitéit Italien
Educatioun Universitéit vu Florenz
Aktivitéit Politiker
Partei La Margherita, Partito Democratico

De Matteo Renzi, gebuer den 11. Januar 1975 zu Florenz, ass en italieenesche Politiker (Partito Democratico). Hie war vu Februar 2014 bis de 5. Dezember 2016 Ministerpresident ("President vum Ministesch-Conseil") vun Italien.

De Mateo Renzi hat no der Universitéit Florenz Droit studéiert, an dës Studien 1999 mat engem Diplom ofgeschloss. Duerno huet en am Familljebetrib, der Marketingfirma CHIL srl. geschafft.

Vun 2004 bis 2009 war hie President vun der Provënz Florenz, a vun 2009 bis 2014 Buergermeeschter vun der Stad Florenz. Den 8. Dezember 2013 gouf hien zum President (segretario) vun der Partito Democratico gewielt.

2016 huet hien eng Verfassungsännerung proposéiert, an de 4. Dezember e Referendum ausgeruff, fir déi unzehuelen. Well eng 60% vun de Wieler dergéint gestëmmt hunn, ass hien deen Dag drop zeréckgetrueden.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Matteo Renzi – Biller, Videoen oder Audiodateien