Matterhorn

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
EU Insignia.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Matterhorn
Matterhorn: Ost- an Nordwand
Héicht: 4.478 m
Lag: Schwäiz/Italien
Bierger: Walliser Alpen
Fir d'éischt op der Spëtzt: 14. Juli 1865: Edward Whymper

D'Matterhorn (Walliserdäitsch: ds'Hore, franséisch: Mont Cervin oder Le Cervin, italienesch: Monte Cervino) ass matt 4.478 m de siwenthéchste Bierg vun den Alpen (wann en de Mont Blanc an de Monte Rosa als een an deselwechte Grupp betruecht).

D'Matterhorn steet an de Walliser Alpen tëscht Zermatt a Breuil (Cervinia). D'Ost-, Nord- a Westwand leien op Schwäizer , d'Südwand op italieneschem Statsgebitt.

Wéinst senger aparter Form a senger alpinistescher Geschicht ass et ee vun de bekanntste Bierger vun der Welt. Fir d'Schwäiz ass d'Matterhorn e richtegt Symbol, an eng vill geknipsten Touristenattraktioun. Säi markanten dräieckege Kapp gëtt souguer vun der Schwäizer Schockelasfabrik Tobler als Motiv fir hiren "Toblerone" benotzt.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

D'Air Zermatt bitt den Touristen Helikopterflich vun 20 Minutten un, mat deenen een direkt iwwer d'Spëtzt vum Matterhorn geflu gëtt an d'Wänn vu ganz no erliewe kann. De Startpunkt ass meeschtens um Gletscher um Plateau Rosa

Fotoalbum vum Materhorn[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Matterhorn – Biller, Videoen oder Audiodateien