Matthew Perry

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Matthew Perry
photo: David Shankbone

De Matthew Langford Perry, gebuer den 19. August 1969 zu Williamstown, ass en US-amerikanesche Schauspiller, dee virun allem duerch seng Roll als Chandler Muriel Bing an der Televisiounsserie Friends bekannt ginn ass.

Säi Liewen[änneren]

Grouss ginn ass en am Kanada zu Ottawa, Ontario, wou en als Junior-Tennisspiller erfollegräich war. Mat 15 Joer ass e bei säi Papp op Los Angeles geplënnert an huet ugefaangen, sech fir d'Schauspillerei ze interesséieren. Nieft den Opféierungen an der Schoul, un deenen hien deelgeholl huet, huet en trotzdeem weider Tennis gespillt. Esou gouf hie 17. an der nationaler Ranglëscht am Eenzel an souguer 3. am Double.

Eigentlech hat hie wëlles, op d'Universitéit a Kalifornien ze goen, allerdéngs krut en eng Roll an der Serie Second Chance ugebueden, an ass kuerzerhand op der Plaz bliwwen an huet sech ganz der Schauspillerei gewidmet.

Zur Zäit wunnt den Matthew Perry zu Los Angeles a spillt a senger Fräizäit gären Äishockey.

Filmographie[änneren]

  • The Beginning Of The Wisdom (2004)
  • The Whole Ten Yards (2004)
  • Serving Sara (2002)
  • The Kid (2000)
  • The Whole Nine Yards (2000)
  • Three To Tango (1999)
  • Almost Heroes (1998)
  • Fools Rush In (1997)
  • Getting in (1994)
  • Friends (1994-2004)
  • Parallel Lives (1994)
  • Deadly Relations (1993)
  • Home Free (1993)
  • Call Me Anna (1990)
  • Sydney (1990)
  • She's Out Of Control (1989)
  • A Night In The Life Of Jimmy Reardon (1988)
  • Dance 'Til Dawn (1987)
  • Second Chance (1987)

Um Spaweck[änneren]

Commons: Matthew Perry – Biller, Videoen oder Audiodateien