Maulefskoup

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
E Maulefskoup mat Maulef

De Maulefskoup ass den ieweschten Deel vum Maulef sengem Bau. Et ass e klengen Hiwwel deen aus lassenem Buedem besteet, deen de Maulef beim Gruewe vu senge Galerien, a vu sengem Leeër, no uewen transportéiert.

Maulefskéip hunn eng méi oder wéineger kreesfërmeg Basis a kënnen en Duerchmiesser bis zu 30 cm hunn a 15-18 cm héich sinn.

Commons: Maulefskoup – Biller, Videoen oder Audiodateien