Maulesmillen

Vu Wikipedia
Maulesmillen
Maulusmillen
Déi fréier Millen
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Maulusmühle
de: Maulusmühle
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Wëntger
Wäiswampech
Buergermeeschter

Lucien Meyers (CSV)


Claude Daman
Awunner 15
  06.02.2008
Koordinaten 50° 05’ 41’’ N
      06° 01’ 31’’ O
Den Hitler op der Maulesmillen, Albert Simon, 1935

D'Maulesmillen (lokal: Maulusmillen[1]) ass e Lieu-dit an der Gemeng Wëntger, deen aus engem fréiere Café, engem Camping, enger fréierer Millen an enger fréierer CFL-Halt besteet. Een Haus, déi eigentlech Millen déi nërdlech vun der Wolz läit, gehéiert zu der Gemeng Wäiswampech.

Ausser datt d'Uertschaft an zwou Gemenge läit gehéiert se an der Gemeng Wëntger zu zwou verschiddene Kadastersektiounen, an zwar zu de Sektioune Saassel a Boxer[2].

Virun der Gemengefusioun vum 1. Januar 1977 huet d'Uertschaft zu der fréierer Gemeng Aasselbuer gehéiert.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Maulesmille läit am Wolzdall um Zesummelaf vun der Wemperbaach op der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen am Dräieck Rossmillen, Saassel a Klierf. Se läit och op der Kräizung vum CR373 mam CR335.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maulesmillen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Gearchiveerd op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
  2. Memorial 43 vun 1890