Maurice Joseph Louis Gigost d'Elbée

Vu Wikipedia
Maurice Joseph Louis Gigost d'Elbée
Gebuer 21. Mäerz 1752
Dresden
Gestuerwen 6. Januar 1794
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Militär


De Maurice Joseph Louis Gigost d'Elbée, gebuer den 21. Mäerz 1752 zu Dresden a gestuerwen de 6. Januar 1794, war e franséische Generol am Krich an der Vendée.

1777 ass den d'Elbée a Frankräich komm, an ass an e Regiment vun der Kavalerie komm, wou hien et bis zum Lieutenant gepackt huet. 1783 huet hien demissionéiert, sech bestuet a sech op Lännereie bei Beaupréau am Anjou zeréckgezunn.

Wärend der Franséischer Revolutioun ass hien op Koblenz gereest, ass awer nees a Frankräich zeréckkomm wéi d'Gesetz den Emigranten ordonéiert huet, zeréckzekommen.

1793 hunn d'Bauere vu Beaupréau decidéiert, datt hien un hirer Spëtzt sollt stoen. Mat senger Trupp huet hien d'Arméie vu Bonchamps, Cathelineau a Stofflet vergréissert. Hien huet fir d'éischt ënner dem Cathelineau gedéngt, gouf als Généralissime nom Doud vun dësem unerkannt, a konnt d'Republikaner bei Coron an zu Beaulieu klappen.

Den 30. Juli 1793 war hie bei der Schluecht vu Luçon dobäi, déi d'Republikaner gewonnen hunn. Eng zweet Néierlag vun de Vendéens bei Luçon den 13. August war nach méi déidlech.

D'Kathoulesch a kinneklech Arméi gouf an der Schluecht vu Cholet vum Generol Kléber definitiv geschloen an den d'Elbée gouf an dëser Schluecht blesséiert. Hie gouf op Beaupréau an duerno op Noirmoutier bruecht; dräi Méint drop hunn d'Republikaner d'Insel ageholl, an den d'Elbée gouf vun enger Militärkommissioun zum Doud verurteelt, an erschoss.

De Generol Turreau sot a senge Mémoires iwwer den d'Elbée:

A un physique agréable et distingué, d'Elbée joignait les talents nécesaires à un chef de parti. Militaire consommé, il avait formé les vendéens à la manière de combattre la plus convenable à la localité et au génie de ce peuple. Ce chef de parti avait toutes les qualités jouer un grand rôle. D'Elbée a donné la preuve de ses talents dans l'exécutions des plans. Ses lieutenants ont été battus à chque fois qu'ils se sont écartés de ses principes.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • « Maurice Joseph Louis Gigost d'Elbée » in: Charles Mullié, Biographie des célébrités militaires des armées de terre et de mer de 1789 à 1850, 1852.
Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.