Maurice Detten

Vu Wikipedia

De Maurice Detten (Jodocus Mauritius Johannes Detten), am Däitsche Moritz oder Mauritz genannt, gebuer de 14. September 1767 zu Münster,[1] gestuerwen den 30. Abrëll 1829 zu Iechternach, war en däitschen Dokter, deen am 19. Joerhonnert zu Lëtzebuerg praktizéiert huet.

Professer zu Münster[änneren | Quelltext änneren]

De Maurice Detten huet zu Münster Medezin studéiert an ass do de 17. Dezember 1791[2] Dokter vun der Medezin ginn. Am Joer 1795 gouf hie Professer op der Universitéit Münster, wou hie Physiologie an Anthropologie enseignéiert huet.[3] Et liest een och alt, datt den Detten 1795 e Léiertstull fir Physiologie op der Universitéit Köln kritt hätt;[4] do läit méiglecherweis e Mëssverständnes vir, dat eventuell an engem Artikel vum Dr. Loutsch ugefaangen huet. Ob den Detten wierklech zu Köln Professer war, ass nämlech net ganz kloer: 1. seng Schrëften, déi hien tëscht 1795 an 1803 verëffentlecht huet, sinn zu Münster erauskomm; 2. säin Artikel "Reisebemerkungen über das Niederstift Münster", aus dem Joer 1798 huet hien als "Professor M.D. aus Münster" signéiert; 3. wéi den Detten de 7. Januar 1803 an der Stad Lëtzebuerg opgedaucht ass, huet hie bei senger Umeldung deklaréiert, hien hätt virdrun zu Münster (also net zu Köln!) gewunnt.[5]

Dokter zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Den 29. November 1804 huet den Detten sech an der Stad Lëtzebuerg mat der véier Joer méi aler Marie-Barbe Noppeney (*24.7.1763 Lëtzebuerg, † 25.11.1833 Iechternach)[6], der Tata vum Grousspapp vum Marcel Noppeney,[7] bestuet.

Zu Lëtzebuerg huet den Detten ufanks nëmmen als "officier de santé" schaffen däerfen. Duerch Dekreet vum 29. Germinal XII (19. Abrëll 1804) war den Detten zwar offiziell autoriséiert ginn, a ganz Frankräich als Dokter ze praktizéieren,[8] trotzdeem sollt et bis 1806 daueren, bis datt hien zu Lëtzebuerg op d'Lëscht vun de "Licenciés en médecine" gesat ginn ass.[9]

1807 ass den Detten op Iechternach geplënnert. Do gouf hien Dokter am Spidol. Seng Praxis muss net besonnesch vill Geld abruecht hunn, soss hätt hie sech 1823 wuel kaum fir d'Plaz vum Receveur vun der Gemeng Bech gemellt.[10] Vläicht ass dat och d'Erklärung, firwat hien an de Schouljoren 1824/25 an 1825/26 am Iechternacher Kolléisch, deen 1825 offiziell als "collège communal" unerkannt gouf a sech duerno pompös "collège royal" genannt huet,[11] Geschicht, Geographie, Naturgeschicht an dat éischt Joer och nach däitsch Literatur fir ee klengt Gehalt enseignéiert huet.[12]

Um nationale Plang war den Detten vun 1818 u bis zu sengem Doud Member vun de "commission médicale", der Virleeferin vum Collège médical, déi am Gesetz vum 12. Mäerz 1818 geschaf gouf. Déi éischt Kommissioun ass den 11. September 1818 genannt ginn a si ass den 11. Februar 1819 fir d'éischt zesummekomm.[13]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Den Dr. Detten huet an Däitschland eng Rei vu Schrëften an Artikele publizéiert, déi zu engem gudden Deel mat senge Virliesungen zu Münster, awer och mat deemools aktuellen Theemen ze dinn haten: Saignée (Aderlass), Schwiefelbur zu Tatenhausen, Brownismus (Brownianismus), Incitabilitéitstheorie (Erregungstheorie), Funktioune vum Zelltissu.[14]

Zu Lëtzebuerg huet den Detten manner publizéiert, nieft zwou medezineschen Aarbechten och e Bichelchen iwwer griichesch Geschicht.[15] Medezinhistoresch interessant sinn dem Detten seng Äntwerten, déi hien 1812 op e Questionnaire vum Marie Frédéric Henri Christiani, dem Generalsekretär vum Département des Forêts, ginn huet; de Paul Spang[16] an den Dr. Emile Duhr[17] hu si analyséiert.

  • Blicke in die Theorie und Praxis der jetzigen Arzneiwissenschaft, als Einleitung zu einer Abhandlung über das Blutlassen. Chemnitz 1792.
  • Einleitung und Plan zu meinen physiologischen Vorlesungen. Fr. Theissing, Münster 1795, 57 S.
  • Programm zu den anthropologischen Vorlesungen. Aschendorf, Münster 1796, 20 S.[18]
  • Kurzer Unterricht von den Gesundbrunnen überhaupt; nebst vorläufiger Anzeige eines neuentdeckten eisenhaltig-salinischen Schwefelbrunnens zu Tatenhausen, von Mauritz Detten, Prof d. Physiol. Theissing, Münster 1799, 152 S.[19]
  • Reisebemerkungen über das Niederstift Münster im Jahre 1794. In: Neues Westphälisches Magazin zur Geographie, Historie und Statistik, 1. Band, 1. Stück, Wesel 1798, S. 386-416 (Vom Professor M. D** aus Münster). [7]
  • Beytrag zur Lehre von der Verrichtung des Zellgewebes. Theissing, Münster 1800, 89 S. Cf.: Supplément à l'étude des fonctions du tissu cellulaire; par Maurice Detten, professeur de physiologie à Munster. Extrait fait par M. E. Martini. Nouveau journal de médecine, chirurgie, pharmacie, volume 13, Paris 1822 (janvier), p. 294-304. [8]
  • Vorschlag zur Brownisierung des Organismus in der Erregungstheorie. Waldeck, Münster 1800, XII, 228 S. (Mauritz Detten).[20]
  • Erklärung an meine Zuhörer. Münster 1803.
  • Einige Sr. Hochwohlgebohrnen dem Herrn Gouverneur Ritter Willmar gewidmete Bemerkungen und Vorschläge betreffend das Medizinalwesen im Grossherzogthume Luxemburg / von Mauriz Detten. J. Lamort, Luxemburg 1818, 37 S.
  • Apologie für die Stiftung eines heilkundigen Volksunterrichts an der Universität zu Bonn, an Se. Hochfürstliche Durchlaucht den Herrn Staatskanzler von Hardenberg gerichtet. J. Lamort, Luxemburg 1819, 18 S.
  • Vorleseauszüge aus der alten Geschichte. 1. Abtheilung. Der griechischen Geschichte 1. Hälfte. J. Lamort, Luxemburg 1826, 52 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Kugener, H. (1995): Die zivilen und militärischen Ärzte und Chirurgen in Luxemburg. Luxemburg, Eigenverlag, 768 p. (Detten, S. 171-186).
  • Kugener, H. (2005): Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Luxemburg, Eigenverlag, S. 1-652 (Detten, S. 344-349).
  • Loutsch, H. (1970): Aperçu historique sur les origines et les activités du Collège Médical. In: Le Collège Médical 1818-1968. Esch/Alzette, Impr. Coopérative Luxembourgeoise, S. 17-68 (Detten, S. 21ff., S. 33ff.).
  • Massard, J.A. (1988): Echternach und die Cholera. Publications du Centre Universitaire de Luxembourg, Département des Sciences: Biologie-Chimie-Physique, fasc. 1: 1-259 (Detten, S. 207-208).
  • Muller, F. (1856): Versuch einer Chronik des Studienwesens in Echternach, besonders seit dem Ende des vorigen Jahrhunderts bis zur Gründung des Königl.-Großherzoglichen Progymnasiums im Jahre 1841. In: Königlich-Großherzogliche Mittel- und Gewerbschule zu Echternach, Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1855-1856: 13-47 (Detten, S. 28, S. 30-31, S. 34-35).
  • Neyen, A. (1860): Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. Tome 1. Luxembourg, P. Bruck, 480 p. (Detten, S. 152-153).

Referenzen a Foussnotten[änneren | Quelltext änneren]

  1. Den Neyen 1860, S. 152, gëtt als Gebuertsdatum den 22. September 1767 un, een Datum deen sou vu villen aneren Auteuren iwwerholl ginn ass. Beim H. Kugener 1995 steet dësen Datum op der Säit 171, op der nächster Säit steet uewen, de Jodocus Mauritius Johann Detten wier de 14. September 1767 zu Münster gedeeft ginn, e puer Zeile méi weit heescht et, hie wier de 14. September 1767 op d'Welt komm; deen Datum steet och op der Säit 176 am "acte de mariage" vum Detten. Och an der 2. Oplo gëtt den H. Kugener zwéi Gebuertsdatumen (éischt Zeil: 22.9.1767; e puer Zeile méi weit 14.9.1767; vum Dafdag ass keng rieds méi.
  2. Occupation française de 1795 à 1815. Exercice de la Médecine et de la Chirurgie dans le département des forêts.Liste établie en 1803. GELUX
  3. Neyen 1860, S. 152.
  4. Loutsch 1970, S. 34; Massard 1998, S. 207, Kugener 1995, S. 173f., Kugener 2005, S. 345.
  5. Kugener 2005, S. 345.
  6. Kugener 1995, S. 184; Kugener 2005, S. 349.
  7. L. Zettinger & J. Mersch: La famille Heldenstein. Biographie nationale du Pays de Luxembourg, fasc. 4 (1952), S. 486. [1] Kuckt och: Kugener 1995, S. 184.
  8. Muller 1856, S. 35.
  9. Kugener 2005, S. 346.
  10. Massard 1988, S. 208.
  11. P. Kauthen: Du Collège au Lycée classique. In: Festschrëft 150 Joer Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg 1992, S. 55.
  12. Muller 1856, S. 28ff.
  13. Loutsch 1970, S. 33.
  14. A. Hirsch, A.L.A. Wernich & E.J. Gurlt: Biographisches Lexikon der hervorragenden Aerzte aller Zeiten und Völker. 2. Band. Wien, Leipzig, 1885, S.170. [2]
    G.C.Hamberger & J.G. Meusel: Das gelehrte Teutschland, oder Lexikon der jetzt lebenden teutschen Schriftsteller. Band 17. 5. Ausgabe. Lemgo 1820, S. 406-407). [3]
    A.C.P. Callisen: Medicinisches Schriftsteller-Lexicon der jetzt lebenden Aerzte, Wundärzte, Geburtshelfer, Apotheker, und Naturforscher aller gebildeten Völker. 5. Bd. Dari.-Eh. Copenhagen 1831, 545 p. (Moritz Detten, S. 156-157). [4].
  15. M. Blum: Bibliographie luxembourgeoise. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. Vol. 1, A-L, S. 196f.
  16. P. Spang: Une enquête statistique en 1812, les réponses de cinq médecins du Département des Forêts. Cahiers Luxembourgeois 1964 (4): 215-233.
  17. E. Duhr: La situation sanitaire et médicale en 1812. Quelques commentaires au sujet des réponses de cinq médecins au questionnaire de Christiani. Les Cahiers luxembourgeois 1965 (1): 39-56.
  18. Rezensioun: Medicinisch-chirurgische Zeitung, Bd. 1, Nr. 24, 23. März 1797, S. 432. [5]
  19. Allgemeines Journal der Chemie, Vol. 7, Heft 1, S. 366
  20. Rezensioun: Journal der Erfindungen, Theorien und Widersprüche in der Natur- und Arzneiwissenschaft, 10. Bd., Gotha 1804, S. 111ff. [6]