Maurice Gillen

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Maurice Gillen
Gebuer 25. Juli 1895
Paräis
Gestuerwen 6. Abrëll 1974
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Vëlossportler
De Maurice Gillen

De Maurice Gillen, gebuer de 25. Juli 1895 zu Paräis a gestuerwen de 5. Abrëll 1974 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Vëlossportler.[1]

1924 war hie bei den Olympesche Summerspiller zu Paräis, wou hien de Sprint (Course vun den 1000m) op der Pist gefuer ass.

Hien hat e Vëlosgeschäft op der Nr. 6 am Kräizgrënnchen (01.10.1930) a vum Mäerz 1931 un op der no. 16 an der Ënneschtgaass.[2]

Hien ass de Papp vum Lull Gillen.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Maurice Gillen op der Websäit sports-reference.com
  2. Quell:Nouvelles Sportives an Etat Civil VdL