Maurice Pescatore

Vu Wikipedia
Maurice Pescatore
Gebuer 6. Mäerz 1870
Labarde
Gestuerwen 30. Abrëll 1928
Dakar
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Industriellen
Partei Liberal Liga
Famill
Bestuet mat Gabrielle Barbanson
Mamm Isabelle Nothomb

De Maurice Pescatore gebuer de 6. Mäerz 1870 zu Labarde a Frankräich, a gestuerwen den 30. Abrëll 1928 bei Dakar am Senegal war e lëtzebuergeschen Industriellen, Sportsfunktionär, Auteur a Politiker.[1][2],[3]

De Maurice Pescatore koum um Wäindomaine Château Giscours bei Margaux als Bouf vum Jean-Pierre Pescatore (1846-1905) an der Isabelle Nothomb (Duechter vum Jean-Baptiste Nothomb) op d'Welt[4].

1896 huet hien d'Gabrielle Barbanson (d'Schwëster vum Gaston Barbanson) bestuet.[5]

Vun 1898 - 1915 war hien Direkter vun der Faiencerie am Rollengergronn, wou hien och 1905 Buergermeeschter gouf. Als Direkter vun der Faiencerie war hie Member vun der Handelskummer.

De Maurice Pescatore war e liberale Politiker a gouf 1908 als Member vun der Liberaler Partei an d'Chamber gewielt, wou en 1912 Rapporteur vum ëmstriddene Schoulgesetz war. 1918 ass hie fir eng Wirtschafts- a Personalunioun ënner dem Kinnek Albert mat der Belsch agetrueden. Wéinst dem Ausgang vum Referendum 1919 zu Gonschte vun der Groussherzogin Charlotte huet hien 1919 net méi fir d'Chamber kandidéiert.[6]

De Maurice Pescatore war e Frënd vum Baron de Coubertin an zanter 1910 Member vum Olympesche Comité. Hie war 1912 Matgrënner vum Lëtzebuerger Olympesche Comité an 1922-1925 säi President. Vum Rollengergronn ass hien op de Scheedhaff wunne gaangen, wou hien als Gentleman-farmer gelieft huet a vu wou aus e laang Reesen duerch Europa an Afrika gemaach huet. Hie war Proprietär vu Kaffisplantagen an Abessinien (haut Ethiopien).[7] Hie war e passionéierte Jeeër an ass an Algerien, Marokko, Ethiopien, Sudan an am Belsche Kongo op d'Juegd gaangen.

Um Wee zeréck aus Afrika ass hien am Alter vun 58 Joer um tropesche Féiwer gestuerwen.

1932 koum posthum säi Buch Chasses et Voyages au Congo bei den Éditions de la "Revue Mondiale" eraus, an deem hien de Kolonialissem rechtfertegt an domat och d'Gewalt vun de Kolonialmuechten.[8]

Auszeechnungen[2][änneren | Quelltext änneren]

Fir un hien z'erënnere gouf am Rollengergronn eng Plaz no him genannt: d'Place Maurice Pescatore, um Bord vun der Rollengergrënnescher Strooss (N12).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Maurice Pescatore an der Biographie nationale du pays de Luxembourg: Fascicule 02 - page 559 et ss.
  2. 2,0 2,1 Doudesannonce vum Jean-Maurice Pescatore am Luxemburger Wort vum 17. Juli 1929
  3. Maurice Pescatore op autorenlexikon.lu
  4. Charles Barthel (2006): Bras de fer 1918-1929, Luxembourg, editions saint-paul. ISBN 978-2-87996-735-6, S. 47.
  5. Barthel (2006), S.47.
  6. Evy Friedrich (1991): "Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?" in: ons stad Nr. 36, S.30.
  7. E. Friedrich (1991).
  8. Maurice Pescatore, Chasses et voyages au Congo / préface du baron Pierre de Coubertin. Gekuckt de(n) 31.12. 2022.