Maurizio Malvestiti

Vu Wikipedia
De bëschof Maurizio Malvestiti

De Maurizio Malvestiti, gebuer de 25. August 1953 zu Filago an der Provënz Bergamo, ass zanter dem 26. August 2014 de Bëschof vu Lodi an Italien.[1]

De Maurizio Malvestiti gouf den 11. Juni 1977 zum Paschtouer geweit. 1994, ass hien op Roum gaange wou hien 'official ecclésiastique', duerno gouf hie Chef de service bei der Congregatioun fir déi orientalesch Kierchen. Do gouf hie Sekretär vun den dräi Kardinol-Prefekte vun der Congregatioun wärend där Zäit, dem Achille Silvestrini, dem Ignace Moussa I Daoud am Leonardo Sandri. 2009 gouf hien 'sous-secrétaire'[2] vun der Congregatioun genannt.

De 26. August 2014, huet de Poopst Franciscus hien als Bëschof[3],[4] vu Lodi an der Lombardei ernannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Rinunce e nomine, 26.08.2014 (it)
  2. Il bergamasco mons. Maurizio Malvestiti Sottosegretario alle Chiese Orientali
  3. La Diocesi di Bergamo in festa - Mons. Malvestiti vescovo di Lodi Archivéiert op 2014-08-27. Gekuckt de(n) 2014-08-28.
  4. Mons. Malvestiti nuovo vescovo Archivéiert op 2014-09-29. Gekuckt de(n) 2014-08-28.