Max-Planck-Institut fir Astronomie
D’Max-Planck-Institut fir Astronomie (MPIA) ass eng ausseruniversitäresch Fuerschungsariichtung ënnert der Leedung vun der Max-Planck-Gesellschaft (MPG) an huet säi Sëtz zu Heidelberg op dem „Königstuhl“. D’Institut bedreift an éischter Linn Grondlagefuerschung am Fach vun de Naturwëssenschaften op dem Gebitt vun der Astronomie.
Niewent eegenen astronomeschen Observatiounen an astronomescher Fuerschung ass d’Institut och aktiv an der Entwécklung vun Observatiounsinstrumenter bedeelegt. An eegenen Ateliere ginn Instrumenter oder Deeler dovun hiergestallt.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geschicht
D’Grënnung vum Institut am Joer 1967 huet op der Usiicht baséiert, datt en iwwerregionaalt, mat leeschtungsfäegen Teleskopen equipéiert Institut erfuerderlech wier, fir international konkurrenzfäeg astronomesch Fuerschung bedreiwen ze kënnen. Grënnungsdirekter gouf 1968 den Astronom Hans Elsässer. 1975 war d’Institut fäerdeggestallt.
Zesumme mat spuenesche Kollegen huet de MPIA an de Joren 1973 bis 1984 den Opbau vum Calar-Alto-Observatoire op dem Calar Alto bei Almería bedriwwen. Dëst gréissten Observatoire um europäesche Festland gëtt haut vun Astronomen aus béide Länner benotzt.
Zënter 2005 bedreift d’MPIA zesumme mat Partner aus Däitschland, Italien an den USA d’Large Binocular Telescope (LBT) an seng Miessinstrumenter. Den LBT steet op dem 3190 m héije Mount Graham bei Tucson, Arizona. Op senger Montéierung sinn zwéin Haaptspigele mat je 8.4 Meter Duerchmiesser ubruecht an et ass domat dat gréissten Eenzelteleskop vun der Welt. Während den Opbau vum Teleskop nach net fäerdeg ass, gi schonns zënter Mëtt 2007 wëssenschaftlech Observatioune mat der éischter Generatioun vun Instrumenten duerchgefouert.
[änneren] Fuerschung
Zwou wëssenschaftlech Froe gi beim MPIA virrangeg behandelt. Eemol geet et ëm d’Genesis an d’Entwécklung vu Stären a Planéiten an eiser kosmescher Noperschaft. Dobäi schwéngt d’Fro mat: Ass d’Sonn mat hirem beliefte Planéit Äerd eemoleg, oder gëtt et och an der Ëmgéigend vun anere Stären, liewensfrëndlech Bedingungen? Zum anere geet et am Beräich Galaxiën a Kosmologie ëm d’Versteesdemech vun der Entwécklung vum haitegen, räich strukturéierten Universum, mat senge Galaxiën a Stären an ëm seng Genesis aus dem einfachen Ufangszoustand no dem Urknall.
D’Fuerschungsthemen am Iwwerbléck:
- Galaktesch Astronomie: Stäregenesis a jonk Objeten, interstellar Matière, galaktesch Strukturen, Infraroutënnersich.
- Extragalaktesch Astronomie: Quasaren an Aktiv Galaxien, Entwécklung vu Galaxien, Galaxiëkéip.
Zesumme mat dem Zentrum für Astronomie der Universität Heidelberg an der Sektioun Astro- an Deelchenphysik vum MPI fir Kärphysik mécht d’MPIA zu Heidelberg e weltwäite Schwéierpunkt vun der astronomescher Fuerschung.
[änneren] Instrumenter
Vum MPIA goufen a ginn Instrumenter oder Deeler fir etlech buedemgebonnen Observatoiren a Fuerschungssatellite gebaut.
- Calar-Alto-Observatoire (Spuenien) vum MPIA an dem spueneschen Instituto de Astrofísica de Andalucía (IAA)
- La-Silla-Observatoire vum Europäeschen Südobservatoire (ESO)
- Paranal-Observatoire vun der ESO
- Large Binocular Telescope op dem Mount Graham
- Weltraumteleskop Herschel vun der ESA
- Weltraumteleskop ISO vun der ESA
- Weltraumteleskop James Webb Space Telescope vun der NASA an ESA
Weider bedeelegt ass d’MPIA un der Virbereedung vun der Gaia-Missioun. Gaia ass eng geplangte Weltraum-Missioun vun der Europäescher Weltraumorganisatioun (ESA), bei déier genee Positiounen, Distanzen a Vitesse vu ronn enger Milliard Stären an der Mëllechstrooss bestëmmt solle ginn.
[änneren] Infrastruktur
De geschäftsféierenden Direkter ass de Prof. Dr. Thomas Henning.
Enn 2006 waren 205 Mataarbechter am Institut täteg, dorënner 40 Wëssenschaftler an 48 Nowueswëssenschaftler; dozou kommen am Berichtsjoer 27 Drëttmëttelbeschäftegter a 5 Gaaschtwëssenschaftler.
[änneren] Ëffentlechkeetsaarbecht
D’Institut ass Redaktiounssëtz vun der allgemengverständlecher Zäitschrëft Sterne und Weltraum, déi 1962 ënner anerem vum spéideren MPI-Grënnungsdirekter, Hans Elsässer, an d’Liewe geruff gouf.