Max Goergen

Vu Wikipedia
Max Goergen
Gebuer 29. November 1893
Steesel
Gestuerwen 9. Februar 1978
Wolz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller
Famill
Papp Willy Goergen

De Max Goergen, gebuer den 29. November 1893 zu Steesel a gestuerwen den 9. Februar 1978 am Wolzer Spidol, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller, deen haaptsächlech wéinst sengen Theaterstécker bekannt ass. Geschriwwen huet hien och ënner de Pseudonymen Déngens Mätt, Lennerse Jämp, E vun der âler Erd an nach aneren.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Max Goergen: den neien Theater

Hien ass den 29. November 1893 zu Steesel gebuer, a war dat eelst vun zwee Kanner vum Secondaire-Professer a lëtzebuergesche Schrëftsteller Guillaume, genannt Willy Goergen an deem senger Fra Elisabeth, gebuer Kintzelé, dem Meedche vun engem Schoulmeeschter.

Säin Elterenhaus, d'Staffelshaus ass haut nach erhalen.

1898 plënnere seng Eltere mat den zwéi Bouwen an d'Stad Lëtzebuerg. De Max Goergen geet do an d'Primärschoul. 1913 mécht hie seng Première am Kolléisch. Vun 1914 bis 1920 schafft hien als Beamte bei der Assurance-Vieillesse et Invalidité. Et war ëm déi Zäit, wou de Goergen Problemer mat sengem Gehéier krut, eng Krankheet, déi hie bis zu sengem Doud geplot huet.

Vun 1920 bis 1926 studéiert hien Droit a Sciences économiques op den Universitéite vu Bonn, Frankfurt am Main, Paräis, Nanzeg a Stroossbuerg.

1926 grënnt hie mam Victor Neuens a Joseph Hurt, d'Zäitschrëft Jonghémecht.

No sengem Studium plënnert hien op Esch-Uelzecht a schafft als Affekot. De 24. August 1927 bestit hie sech zu Déifferdeng mat der Aline Jacoby, Professesch am Meedercherlycée zu Esch-Uelzecht.

Wéinst senge Gehéierproblemer huet hie mat senger Aarbecht als Affekot opgehalen an ass vun 1942 bis 1958 wëssenschaftleche Mataarbechter bei der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik. Hie bekëmmert sech do ëm de Luxemburgensia-Fong. Vun 1948 bis 1950 organiséiert hie mam Joseph Hurt déi Kiischpelter Fräiliichtspiller, D'Kiischpelter Donatispill zu Pënsch, D'Kiischpelter Spill vum wölle Grof zu Wëlwerwolz an D'Kiischpelter Spill vun den dréi Kräizer zu Äischer.
1957 gëtt hie pensionéiert a plënnert op Wëlwerwolz.

1962 war hie Grënnungsmember vun der Section des arts et lettres vum Institut grand-ducal.

De Lucien Jacoby, den Neveu vum Goergen senger Fra, huet sech du bis zu sengem eegenen Doud am Joer 1999 ëm déi grouss Bibliothéik vun enger 32.000 Bicher gekëmmert, déi en zesumme mam Haus der A.s.b.l. EBLUL-Lux (European Bureau for Lesser Used Languages) vermaach huet, déi do de Projet Sproochenhaus Wëlwerwolz installéiert huet.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Theaterstécker[änneren | Quelltext änneren]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Goetzinger, G., 2007. Joseph Hurt. In: G. Goetzinger & C.D. Conter: Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de littérature Mersch, S. 209-210.
  • Hurt, J., 1927. Max Goergen. In: Jonghémecht. 1. Jg., Nr. 4 (Februar 1927), S. 88-94. [1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. IN UNSERER REPORTAGE VON POL ASCHMAN „GIELERCHER“ op der Säit 3 vum Luxemburger Wort vum 17. Juli 1973 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 24. Dezember 2022