Max Margules

Vu Wikipedia
Dëse Meteorologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Max Margules
Gebuer 23. Abrëll 1856
Gestuerwen 4. Oktober 1920
Nationalitéit Éisträich
Educatioun Universitéit Wien,
Humboldt-Universitéit Berlin
Aktivitéit Mathematiker, Chimist, Physiker, Meteorolog

De Max Margules, gebuer den 23. Abrëll 1856 zu Brody a Galizien, a gestuerwen de 4. Oktober 1920 zu Perchtoldsdorf an Nidderéisträich, war en éisträichesche Meteorolog.

De Max Margules huet un der Universitéit Wien Mathematik, Physik a Chimie studéiert, 1876 ass en zum Dokter vun der Philosophie promovéiert. Hien huet sech mat Froen aus der Elektro- an Hydrodynamik beschäftegt, vun 1885 bis 1906 war en an der Zentralanstalt für Meteorologie und Geodynamik ugestallt.

Hien huet d'atmosphäresch Gezäiten erfuerscht an huet eng Theorie iwwer d'Polarfront an iwwer Loftdrockwelle formuléiert. 1901 gouf seng Aarbecht Über den Arbeitswert einer Luftdruckverteilung und die Erhaltung der Druckunterschiede publizéiert an am Joer 1903 huet en ee vun deene klassesche Wierker vun der Meteorologie verëffentlecht: Über die Energie der Stürme.