Max Planck

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich


Nuvola apps energy.png Dëse Physiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Max Planck

De Max Karl Ernst Ludwig Planck (* 23. Abrëll 1858 zu Kiel; † 4. Oktober 1947 zu Göttingen) war en däitsche Physiker.

Hien huet d'Stralungsgesetz formuléiert an d'Virstelle vun Energie- a Wierkungsquanten agefouert. Dorausser ass d'Quantentheorie entstanen, déi am 20. Joerhonnert d'Physik revolutionéiert huet.

Am Joer 1918 huet hien den Nobelpräis an der Physik kritt.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Auszeechnungen an Éierungen

Gedenkplak fir de Max Planck zu Berlin-Grunewald
Büst fir de Max Planck am Magnushaus, 1958 vun der Max-Planck-Gesellschaft un d‘Physikalesch Gesellschaft an der DDR iwwerginn; zënter 1991 am Ausstellungsraum
Max Planck op enger 2-DM-Mënz
Berliner Timber, Emissioun 1952
Däitschen Timber mat Ënnerschrëft vum Planck, déi zu sengem 150. Gebuertsdag 2008 erauskomm ass
  • 1914 Auslännesche Member vun der Accademia Nazionale dei Lincei zu Roum
  • 1915 Pour le Mérite fir Wëssenschaften a Konscht (vun 1930 war de Planck President vun dësem Uerden)
  • 1918 Nobelpräis fir Physik (1919 geéiert)
  • 1928 Adlerschëld vum Däitsche Räich
  • 1929 Max-Planck-Medail (zesumme mam Albert Einstein; dëse Präis gouf 1929 vun der DPG gestëft)
  • Éierendokter vun den Universitéiten Frankfurt, München (TH), Rostock, Berlin (TH), Graz, Athen, Cambridge, London a Glasgow
  • 1938 Zu sengen Éieren gouf den Asteroid Nr. 1069 no him genannt: Planckia.
  • 1947 gouf hien Éierebierger vun der Stad Kiel.
  • 1953 gouf hien vun der Däischer Post Berlin an der Serie Männer aus der Geschicht vu Berlin geéiert, een Timber vun 30 Pfenneg Timber.
  • 1957 bis 1971 hun déi offiziell 2-DM-Mënzen vun Däitschland d’Profil vum Max Planck gewisen.
  • 1983 huet d‘DDR eng 5-Mark-Gedenkmënz zum 125. Gebuertsdag erausgin.
  • Zum 150. Gebuertsdag huet Däitschland den 10. Abrëll 2008 ee Sondertimber souwéi eng 10-Euro-Gedenkmënz erausgin.

Vill Schoulen an Universitéiten, sinn nom Max Planck genannt.

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Max Planck – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools