Maxim Alexandrowitsch Galkin

Vu Wikipedia
Maxim Alexandrowitsch Galkin
Gebuer 18. Juni 1976
Nationalitéit Russland
Aktivitéit Televisiounsmoderateur, Parodist, Komiker, Stand-up-Komiker, Schauspiller, Sänger, Animateur, Humorist, Schausteller, Televisiounsschauspiller, YouTuber
Famill
Bestuet mat Alla Pugatschowa

De Maxim Alexandrowitsch Galkin (Максим Александрович Галкин), gebuer den 18. Juni 1976 bei Naro-Fominsk am Oblast Moskau, ass e russesche Parodist an Entertainer.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Wéinst sengem Papp senger Karriär als Beruffsoffizéier ass dee klenge Galkin a sengen éischte Jore vill gereest. Vu senger Gebuertsstad Moskau goung et fir e puer Joer an Däitschland, dunn op Odessa, Ulan Ude a schlussendlech nees zeréck op Moskau.

Mat 12 huet e gemierkt, datt en Talent hätt fir Leit nozemaachen. Am Familljekrees ass e stänneg opgefuerdert ginn, seng Parodien zum Beschten ze ginn, ugefaange mam Gorbatschow, bis hin zum Jeltsin a Schirinowski.

Vun 1993 bis 1998 huet en op de Russescher Staatsuniversitéit fir Humanwëssenschaften (RGGU) Linguistik studéiert an dora seng Maîtrise gemaach.

Dat war och déi Zäit wou e fir d'éischt op enger ëffentlecher Bün stoung. Uganks 1994 huet e beim Studententheater vu senger Universitéit (MGU) ugefaangen, wou e bei der Show "E Sprangbur vu Léift fir déi déi Iech nostinn" (Фонтаны любви к ближнему) an duerno beim Spektakel "Cabaret 03" (Кабаре 03) matgemaach huet. Am Juni 1994 huet e mat senge Politikerparodien um Programm "Debüten, Debüten, Debüten" (Дебюты, дебюты, дебюты) vun der Moskauer Varietébün deelgeholl. De Galkin ass mat der Zäit ëmmer méi populär ginn, bis datt en et 1998 zu sengem éischte Fernseesoptrëtt bruecht huet.

Am Januar 2001 huet en den "Triumph" Präis gewonnen an de Mount drop, am Februar 2001, ass e Showmaster vun der russescher Versioun vu "Wer wird Millionär" (Кто хочет стать миллионером?) ginn. Déi Roll huet em vill Freed gemaach an en niewebäi och definitiv bekannt gemaach. Am Abrëll 2001 krut en de "Gëllenen Ostap" (Золотой Остап) zu Sankt Péitersbuerg. Am Juli 2001 hat e säin éischte Soloconcert beim Festival "Slawesche Basar zu Witebsk" (Славянский базар в Витебске), deem der nach vill nokoumen.

De groussen Ticket an d'Welt vun de Staren a Stärecher koum am Hierscht 2001, wéi d'Alla Pugatschowa de Galkin - nëmmen e puer Méint nodeem datt se sech fir d'éischt op engem Concert gesinn hate wou se allen zwee opgetratt waren - gefrot huet fir mat hir den Duett "Sief oder sief net" (Будь или не будь) opzehuelen. De Popsong ass direkt en Hit ginn an déi zwéi sinn zanterhier net nëmmen onzertrennlech Frënn mech och romantesch verbonnen.

De Galkin huet mëttlerweil net nëmmen Optrëtter a Russland, mä och am Rescht vun Europa a bei den Emigréierten an Amerika. Trotz sengem Succès a Spillshowen an als Sänger sinn et awer ëmmer nach d'Parodien déi dem Galkin säin Haaptstandbeen duerstellen.

Zanter dem 23. Dezember 2011 ass de Galkin mat der 27 Joer méi aler Alla Pugatschowa bestuet[1]. Den 18. September 2013 gouf d'Koppel Eltere vun den Zwillinge Jelisaweta a Garri, déi vun enger Léinmamm ausgedroe goufen[2].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maxim Galkin – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Алла Пугачева и Максим Галкин поженились, mail.ru vum 26. Dezember 2011
  2. Benedikt von Imhoff, Mutterglück mit 64: Russische Pop-Ikone Pugatschowa hat Zwillinge, in: DIE WELT vum 8. Oktober 2013