Maxime Bender

Vu Wikipedia
Maxime Bender
De Maxime Bender um Saxophon zesumme mam Laurent Payfert um Kontrabass am neien Amphitheater vun der Stad Lëtzebuerg
Gebuer 7. Mäerz 1982
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Saxophonist

De Maxime Bender, gebuer de 7. Mäerz 1982, ass e professionelle lëtzebuergeschen Jazz-Museker, dee follgend Instrumenter spillt: Tenor-, Sopran- an Alt-Saxophon, Flütt, EWI ((en)electronic woodwind instrument) a Piano. Hie gëtt Jazz-Saxophon-Coursen op der Iechternacher Museksschoul, där hir Bigband hien dirigéiert.

De Maxime Bender huet uganks an der Museksschoul zu Iechternach Musek geléiert, ier hien op de Conservatoire zu Ettelbréck an duerno an d'Stad gaangen ass.

Schonn als Teenager stoung de Maxime Bender gär op der Bün. Mat Frënn hat hie verschidde Museksgruppe gegrënnt déi a Caféen nieft der Schoul gespillt hunn. Mat senger Band spillt hien haut ë. a. an Däitschland, grad ewéi a Südkorea.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • De Maxime Bender war 2007 de Gewënner vum Elie Music Award an der Kategorie "Jazz & Blues" mat dem Titel Goodbye.
  • Nominatioun fir den Eurodjango 2007 an der Kategorie "New Talent".
  • Präis vun der beschter Kompositioun beim Award Tremplin Jazz 2008 zu Avignon.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maxime Bender – Biller, Videoen oder Audiodateien