Maximilian II. (HRR)

Vu Wikipedia
Maximilian II.
Gebuer 31. Juli 1527
Wien
Gestuerwen 12. Oktober 1576
Regensburg
Aktivitéit Keeser
Famill
Bestuet mat Maria vu Spuenien
Papp Ferdinand I.
Kanner Albrecht VII.

De Maximilian II., gebuer den 31. Juli 1527 zu Wien a gestuerwen den 12. Oktober 1576 zu Regensburg, war vu 1562 u Kinnek vu Béimen a Kinnek vun Däitschland, vu 1563 u Kinnek vun Ungarn a Kroatien, a vum 25. Juli 1564 un, als Nofollger vu sengem verstuerwene Papp Ferdinand I., Keeser vum Hellege Réimesche Räich.

Hie gouf den 13. September 1548 zu Valladolid mat senger Cousine Maria vu Spuenien, der Duechter vu sengem Monni Karel V., bestuet.

Aussepolitesch huet wärend senger Herrschaft de Krich géint d'Osmanescht Räich eng wichteg Roll gespillt. Et ass senger Arméi awer net gelongen, Territoiren am haitegen Ungarn a Rumänien zeréck z'erueweren.

Innepolitesch, fir net ze soe bannent der Famill, war et de Sträit tëscht der spuenescher an der éisträichescher Branche vun den Habsburger, deen neien Opdriff krut, wéi d'Hollänner sech rebelléiert hunn.

Wéi e gestuerwen ass, gouf säi Jong Rudolf säin Nofollger. Dëse war scho 1571 zum Regent an Éisträich, 1572 zum Kinnek vun Ungarn a 1575 zum Kinnek vu Béimen ernannt ginn.

De Maximilian ass an der Veitskathedral zu Prag begruewe ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Viktor Bibl: Maximilian II. der rätselhafte Kaiser – ein Zeitbild. Hellerau bei Dresden, 1929.
  • Grete Mecenseffy: Maximilian II. in neuer Sicht in: Jahrbuch der Gesellschaft für die Geschichte des Protestantismus in Österreich 92 (1976), S. 42–53.
  • Friedrich Edelmayer (Hrsg.): Kaiser Maximilian II. Kultur und Politik im 16. Jahrhundert. Oldenbourg, München 1992, ISBN 3-486-55932-X.
  • Andreas Edel: Der Kaiser und Kurpfalz. Eine Studie zu den Grundelementen politischen Handelns bei Maximilian II. (1564–1576). Vandenhoeck & Ruprecht, Göttingen 1997, ISBN 3-525-36051-7.
  • Paula Sutter Fichtner: Emperor Maximilian II. Yale Univ. Press, New Haven, Conn. u.a. 2001, ISBN 0-300-08527-3.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maximilian II. – Biller, Videoen oder Audiodateien