Maximilian Schell

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Maximilian Schell (2011)
De Maximilian Schell (2006)

De Maximilian Schell gebuer den 8. Dezember 1930 zu Wien a gestuerwen den 1. Februar 2014 zu Innsbruck,[1] war en éisträichesch-Schwäizer Schauspiller, Filmregisseur a Filmproduzent.

De Maximilian Schell ass de Jong vum Hermann Ferdinand Schell, engem schwäizer Schrëftsteller an der Margarethe Noé von Nordberg, enger Wiener Schauspillerin. Hien ass de Brudder vun de Schauspiller Maria Schell, Carl Schell an Immy Schell. Nom Uschloss vun Éisträich un dat nationalsozialistesch Däitschland am Joer 1938 ass d'Famill Schell an d'Schwäiz ausgewandert.

De Maximilian Schell ass zu Basel an Zürich opgewuess. Hien huet Philosophie, Konschtgeschicht a Germanistik studéiert.

Am Veräin vun de Grasshoppers Zürich huet hie Foussball gespillt.

Am Hierscht 1952 huet hie seng Schauspillercarrière am Basler Stadttheater ugefaangen. Am Joer 1955 huet hien a sengem éischte Film Kinder, Mütter und ein General als Schauspiller matgewierkt. 1970 hat hie säin Début als Filmregisseur mam Film Erste Liebe.

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maximilian Schell – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]