McDonald Observatoire
De McDonald Observatoire steet an enger Héicht vun 2.104 Meter um Mount Locke, no bei der Stad Fort Davis an den „Davis Mountains“ vun Texas, USA. Den Terrain ass am Besëtz vun der University of Texas at Austin a gëtt gréisstendeels duerch d'Universitéit finanzéiert, zu engem klengen Deel duerch de Loyer vun der Observatiounszäit un den Teleskope. Den Observatoire ass mat enger Zuel vun Instrumenter fir optesch Biller a Spektroskopie gëeegent. En huet och déi éischt Laser-Mound-Distanzmiessungsariichtung. McDonald schafft, obschonns et Verwaltungstechnesch separat ass, mat der Astronomie-Sektioun vun der Universéit vun Texas an Austin zesummen.
D'Fuerschungsberäicher am McDonald Observatoire decke vill Themen a Projete wéi beispillsweis Planéitesystemer, Stär- a Sonnespektroskopie, interstellare Raum, extraglaktesch Phenomener an theoretesch Astronomie.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
De McDonald-Observatoire ass eng Stëftung vum texanesche Banquier William Johnson McDonald (1844–1926), deen 1,1 Milliounen Dollar (de gréissten Deel vu sengem Verméigen) der Universitéit vun Texas fir en astronomeschen Observatoire iwwerlooss huet.
Den 2,1-m-Teleskop gouf de 5. Mee 1939 ageweit. E war zu senger Zäit den zweetgréissten Teleskop vun der Welt. Bis an d'1960er Jore gouf den Observatoire vun der University of Chicago geleet, duerno huet d'University of Texas at Austin d'Leedung mam Direkter Harlan J. Smith iwwerholl.
Teleskope [änneren]
- 9,2 m – Hobby-Eberly-Teleskop
- 2,7 m – Harlan J. Smith Teleskop
- 2,1 m – Otto Struve Teleskop
- 0,8 m-Teleskop
divers
- En 0,9-m-Teleskop, fréier fir d'Fuerschung benotzt, déngt haut fir d'Gäscht.
- Op dem Terrain steet ee vun zwéin 1,2-m-MONET-Teleskopen
- Ee vu véier 0,45-m-ROTSE-Teleskopen
Besuch [änneren]
D'Gaascht-Zentrum bitt niewent engem Café a Kaddosbuttek eng interaktiv Ausstellung. All Dag gi Sonnenobservatiounen an Toure bei déi gréisst Teleskope gemaach. Populär sinn déi owes Stärepartys sinn, woubäi d'Gäscht d'Méiglechkeet hu fir e Bléck duerch déi grouss Teleskopen ze maachen.