MeToo

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
De korrekten Titel vun dësem Artikel ass „#MeToo“. Dës Schreifweis ass wéinst techneschen Aschränkungen am Moment net méiglech.

#MeToo ("(m)ech och") ass en Hashtag, dee sech zanter Mëtt Oktober 2017 wéinst dem Weinstein-Skandal an de soziale Medie verbreet huet. Dem Filmproduzent Harvey Weinstein goufe sexuell Belästegungen, erzwonge sexuell Handlungen a Vergewaltegunge virgeworf. Den Hashtag geet op d'Sozialaktivistin Tarana Burke zeréck an ass duerch d'Schauspillerin Alyssa Milano populär ginn, déi Fraen encouragéiert huet, den Hashtag ze benotze fir op d'Ausmooss vu sexuellen Iwwergrëffer a sexuelle Belästegungen opmierksam ze maachen. Zanter deem ass den Hashtag Milliounemol gebraucht ginn.

Den Hashtag #MeToo gouf schonn 2006 am Kader vun enger Campagne fir d'Stäerkung vun der Empathie ënnert afroamerikanesche Fraen, déi sexuell mëssbraucht gi sinn, vun der Tarana Burke op MySpace gebraucht. D'Burke, déi 2017 en Dokumentarfilm mam Titel Me Too gedréint huet, sot, datt si duerch d'Geschicht vun engem 13 Joer ale Meedchen ugereegt ginn ass, dësen Hashtag ze benotzen.

De 15. Oktober 2017 huet d'Alyssa Milano op Twitter geschriwwen: Wann s de sexuell belästegt oder ugegraff gi bass, da schreif "Mee too" als Äntwert op dësen Tweet.