Mechelen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Flag of Mechlin.svg Mechelen
Escudo de Malinas 1581.svg
Land Flag of Belgium (civil).svg Belsch
Regioun Flag of Flanders.svg Flandern
Communautéit Flämesch Communautéit
Provënz Flag of Antwerp.svg Antwerpen
Arrondissement Mechelen
Telefonszon 015 & 03
Postcode 2800
Koordinaten 51° 01' 00" N
04° 28' 00" O
Fläch  6.519 ha
Bevëlkerung  79.503 2008
Mechelen an der Provënz Antwerpen
Mechelen an der Provënz Antwerpen

Mechelen (Malines op franséisch) ass eng belsch Stad an der Provënz Antwerpen, a Flandern. Et huet 80.176 Awunner (2008). Mechelen läit un der Dijle an um Kanal Louvain-Dijle. Zu der Gemeng gehéieren och d'Uertschaften Nekkerspoel, Battel, Walem, Heffen, Hombeek, Leest, a Muizen. Zënter 1559 ass et de Sëtz vum Äerzbistum vun der Belsch (haut: Äerzbistum Mechelen-Bréissel).

D'Stadhaus

Geschicht [änneren]

Der Traditioun no gouf Mechelen am 8. Joerhonnert vum Hellege Rombout, engem iresche Missionnär christianiséiert. D'Herrschaft vu Mechelen huet fir d'éischt de Prënzebëscheef vu Léck, dono de Grofe vu Flandern an den Herzoge vun der Bourgogne (14. - 15. Joerhonnert) ënnerstanen. Säin Héichpunkt hat Mechelen ënnert der Herrschaft vu der Margarethe vun Éisträich, an dono dem Charel V., wou et d'Haaptstad vun den Habsburger Nidderlanden (méi oder manner den haitege Benelux) war. Am 16. Joerhonnert gouf Bréissel ëmmer méi wichteg, op Käschte vu Mechelen. Bis Enn vum 18. Joerhonnert war zu Mechelen dat Iewescht Geriicht vun den Nidderlanden, de Grousse Conseil vu Mechelen.

Déi éischt Zuchstreck um europäesche Festland huet 1835 Bréissel mat Mechelen verbonnen. Mechelen ass haut nach e wichtegt Eisebunnskräiz, an d'Ateliere vun der SNCB sinn do.

D'Kasär "Dossin de Saint Georges" bei Mechelen ass am Zweete Weltkrich zum "SS-Sammellager Mecheln" ëmfunktionéiert ginn, vu wou aus 25.257 belsch Judden an 28 Convoien op Auschwitz deportéiert goufen. Zwee Drëttel vun hinne goufen direkt vergaast, wéi s'ukoumen, just 1.207 hunn d'Lager iwwerlieft. Haut ass an deem Gebai de Museum van Deportatie en Verzet, de Musée fir Deportatioun a Resistenz.

Kuckeswäertes [änneren]

D'Kathedral
  • D'Kathedral Sint-Rombout, 13. - 14. Joerhonnert mat hirem imposanten, 97 Meter héijen Tuerm (deen op der Unesco-Lëscht vun der Weltkulturierfschaft steet, a sengen zwéi Klackespiller mat je 49 Klacken.
  • De Grote Markt mam Stadhaus an enger Rëtsch alen Haiser;
  • De Musée fir mëttelalterlech Konscht, deen am éischte Stadhaus aus dem 13. Joerhonnert ënnerbruecht ass
  • D' Sint-Janskerk, Mat engem Altorbild vum Pieter Paul Rubens (D'Helleg Dräi Kinneken, déi de Jesus ubieden).
  • D'Kierch Onze-Lieve-Vrouw-over-de-Dijle, déi och e Bild vum Rubens huet (D'Wonner vum Fëschfank)
  • De Béguinage;
  • De Palais vun der Marguerite vu York, dem Karel V. senger Bomi, an deem haut den Theater ass;
  • De Palais vun der Margarethe vun Éisträich, dem Karel V. senger Tatta, an deem haut de Justizpalais dran ass.
De Palais vun der Margarethe vun Éisträich


Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Mechelen – Biller, Videoen oder Audiodateien