Mehaigne (Baach)

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Mehaigne hei als Millegruef vun der Mille vu Vélupont

D'Mehaigne ass eng belsch Baach an der Hesbaye, an de Provënzen Namur a Léck.

D'Baach entsteet aus dem Zesummefloss vun zwou klenge Baachen op enger Héicht vun 169 Meter, tëscht den Uertschaften Meux a Saint-Denis, net wäit am Weste vun der Ferme de Tripsée.

Si leeft vun do aus no Nordosten, duerch oder laanscht Mehaigne an Noville-sur-Mehaigne bis op Tavier. Tëscht Tavier a Boneffe fiddert se zusumme mat dem Ruisseau de Bolinne d'Weiere vun der fréierer Abtei. Fréier huet se do eng Millen ugedriwwen, an hiert Waasser gouf an der Zockerfabréck vu Boneffe gebraucht.

Vun do dréint se dann no Osten an Directioun Branchon, dann duerch eng kleng Naturreserve südlech vun Ambressin, a weider laanscht Moxhe an Avennes bis op Braives. Do ännert se hire Laf an Directioun Süden, kënnt op Fallais, wou se d'Grief vum Schlass vu Fallais fiddert, a fréier eng Bannmillen ugedriwwen huet.

Iwwer Pitet a Fumal leeft se weider op Moha. Vun do aus leeft se bal op der ganzer Streck laanscht déi fréier Eisebunnsstreck Landen-Statte, bis op Huy fir do op enger Héicht vun 71 Meter an d'Meuse ze lafen.

Den Dall vun der Mehaigne gehéiert zum Natuschutzgebitt Parc naturel des vallées de la Burdinale et de la Mehaigne

Am Dall vun der Mehaigne goufen et fréier eng sëlleche Millen. Eleng zu Braives waren der zéng.

Dovunner stinn der nach e puer:

Nieweflëss vun der Mehaigne sinn:

[änneren] Um Spaweck

Commons: Mehaigne – Biller, Videoen oder Audiodateien


Nieweflëss vun der Meuse
Lénks : Alyse - Andon - Aroffe - Bar - Burnot - Dieze - Ennemane - Faux -Féron - Forges - Geer - Gelbressée - Hermeton - Houyoux - Leffe - Légia - Mehaigne - Méholle - Molignée - Raam - Récourt - Sambre - Saônelle - Saulx - Scance - Sormonne - Vair - Vence - Viroin - Voer - Wame - Wiseppe - Yoncq
Riets : Berwinne - Bocq - Creuë - Flambart - Givonne - Goutelle - Geul - Houille - Hoyoux - Julienne - Kuer - Lesse - Mouzon - Niers - Ourthe - Roer - Rupt - Samson - Semois - Swalm - Vrigne
Kuckt och : Baseng vun der Meuse
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen