Meissen (Parzeläin)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Kleng Meissener Potiche mam Draachemuster
Déi gekräizt Schwäerter, d'Markenzeeche vum Meissener Parzeläin

De Meißener Parzeläin ass den éischten europäesche Parzeläin. Hie gouf 1708 vum Ehrenfried Walther von Tschirnhaus am Optrag vum deemolege sächseschen Kurfürst August der Starke erfonnt. No sengem Doud huet de Johann Friedrich Böttger d'Erfindung vum Tschirnhaus fabrécksméisseg produktiounsräif gemaach.

Dat charakteristescht Symbol vum Meissener Parzeläin sinn déi gekräizt blo Schwäerter ënner all Parzeläinsobjet. D'Duerstellung vun dëse Schwäerter huet allerdéngs mat der Zäit variéiert, wat erlaabt, Réckschlëss op d'Produktiounsjoer ze zéien. D'Markéierung vun haut geet op 1934 zréck. Déi staatlech Parzeläin-Manufaktur Meissen GmbH war fréier eng kinneklech Parzeläinmanufaktur a gouf zur Zäit vun der DDR e volkseegene Betrib (VEB). De Meissener Parzeläin ass mat der Hand bemolt, wouduerch all Stéck e richtegt Konschtwierk ass. Dofir ass dëse Parzeläin, am Verglach zu aneren, och sou deier. Bekannt Dekore sinn dËnnemuster, Purpur Rosa, d' Rieflaf an och dDraachemuster.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Reibig, Helmut (Hrsg.): Otto Walcha Meissner Porzellan. Von den Anfängen bis zur Gegenwart. Dresden: Verlag der Kunst, 1973. 443 S. mat 259 deelweis farwege Biller

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Meissener Parzeläin – Biller, Videoen oder Audiodateien