Melampus

Vu Wikipedia

De Melampus war der So no e bedeitende griichesche Seher, Brudder vum Bias. Am Schlof hunn him Schlaangen d'Oueren ausgeleckt an zanterhier huet hien d'Sprooch vun den Déiere verstan. En huet d'Duechtere vum Proitos vun der Geckegkeet geheelt an huet dofir en Deel vu senger Herrschaft kritt. Dem Iphiklos huet e seng Potenz erëmginn.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.