Melancholia
Informatiounen zum Film
| Filmdaten | ||
|---|---|---|
| Originaltitel: | Melancholia | |
| Produktiounsland: | Dänemark, Schweden, Frankräich, Däitschland | |
| Produktiounsjoer: | 2011 | |
| Dauer: | 130 Minutten | |
| Originalsprooch: | Englesch | |
| Equipe | ||
| Regie: | Lars von Trier | |
| Dréibuch: | Lars von Trier | |
| Kamera: | Manuel Alberto Claro | |
| Musek: | ||
| Produzent: | Meta Louise Foldager, Louise Vesth |
|
| Haaptacteuren | Kirsten Dunst als Justine Alexander Skarsgård als Michael Kiefer Sutherland als John Charlotte Gainsbourg als Claire Charlotte Rampling als Gaby John Hurt als Dexter Udo Kier als Hochzeitsplaner Brady Corbet als Tim |
|
| Filmportal - Film no Joren - Film no Länner | ||
Melancholia ass e Film vum Regisseur Lars von Trier aus dem Joer 2011. E Weltënnerganksdrama erlieft vun zwou Schwësteren.
Ëm wat geet et am Film? [änneren]
Direkt an der Introsequenz gesäit ee wéi de Planéit Melancholia an d'Äerd kraacht. Den Zuschauer weess domat vun Ufank un datt et keen Happyend ka ginn, der Fatalitéit ass net z'entwutschen.
Den éischten Deel geet zréck an der Zäit an dréit ëm d'Justine. Och um Dag vun hirer Hochzäit ass hir Freed just opgesat a cachéiert nëmmen hallef hir déif Depressioun, duerch déi et nach an derselwechter Nuecht zum Verloscht vun hirer Aarbechtsplaz an dem Zerwierfnes vun der jonker Koppel kënnt.
Den zweeten Deel handelt vum Drama ëm dem Justine seng Schwëster Claire, virum Hannergrond vum Weltënnergank. Ugaangs versicht dat staarkt Claire d'Justine ze stäipe fir hiren Zesummebroch z'iwwerwannen. Mä wat de Planéit méi no kënnt, wat d'Claire méi fäertereg gëtt, a wéi si begräift datt d'Enn effektiv kënnt, do aart hir Angscht a Panik aus. Am Kontrast dozou steet d'Justine, déi op eemol immens roueg a gefaasst gëtt well si d'Enn acceptéiert, an déi du versicht d'Claire virun hirer ängschtlecher Agitatioun ze behidden.