Melotte 111
|
|
|
|---|---|
| Stärebild | Coma Berenices (Com) |
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Rektaszensioun | 12h 23m |
| Deklinatioun | +25° 51' |
| Ausgesinn | |
| Visuell Magnitude | +1,8 m |
| Wénkelduerchmiesser | 270' |
| Zuel vu Stäre | 37 |
| Hellste Stär | γ Com +4,3m |
| Physikalesch Daten | |
| Distanz | 288. Lj |
| Duerchmiesser | 20. Lj |
| Alter | 400 Mio. Joer |
| Geschicht | |
| Entdecker | war schonns an der Antikitéit bekannt |
| Katalogbezeechnungen | |
| OCl 588, Cr 256, Melotte 111 | |
De Melotte 111 ass en oppene Stärekoup am Stärebild Coma Berenices, dee mam bloussen A gesi ka ginn. De Stärekoup bilt mat senge 37 Eenzelstären den Haaptdel vum Stärebild Coma Berenices.
D'Ausdeenung vum Stärekoup huet ongeféier 4,5°, resp. - bei enger Distanz vun 288 Liichtjoer - ronn 20 Liichtjoer. Den hellste Stär vum Koup ass de γ Com mat enger Hellegkeet vu 4,3 mag, d'Gesamthellegkeet vum Koup huet ronn 1,8 mag.[1] De Koup huet keng Stären, déi méi schwaach si wéi 10,5 mag. Eng méiglech Erklärung dofir ass, datt déi klengst Membere vum Koup scho fortgezunn sinn.
Duerch seng Gréisst an Hellegkeet ass dëse Stärekoup zënter der Antikitéit bekannt a gouf fir d'éischt vum Ptolemäus katalogiséiert. Wéi vill aner Stärekéip, déi eng kleng Distanz zu der Äerd hunn an dofir e grousse visuellen Duerchmiesser hunn (z. B. d'Ursa-Major-Grupp oder d'Hyaden), gouf hien awer net an déi modern Standard-Kataloge Messier, NGC an IC opgeholl. Eréischt de P.J. Melotte huet de Koup am Joer 1915 a säi Katalog mat oppene Stärekéip opgeholl. Ënnert der Bezeechnung Cr 256 ass de Koup och am Katalog vum Per Collinder ze fannen.
De Stärekoup ass ee sougenannte Bewegungskoup, d. h. d'Stären hunn all Eegebewegungen déi sech gläichen (am Duerchschnëtt -12,4 mas an Rektaszensioun an -9,4 mas an Deklinatioun). Well de Mëttelwäert vun der Eegebewegung allerdéngs bal exakt tangential ass (mëttel Radialvitesse -1,17 km/s),[1] erméiglecht dës Bewegung (am Géigesaz zum bekannte Beispill vun den Hyaden) keng einfach Bestëmmung vun der Distanz duerch d'Stärestroumparallax.