Membre-sur-Semois

Vu Wikipedia
Membre-sur-Semois
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Provënz Namouer
Arrondissement Dinant
Gemeng Vresse-sur-Semois
Fläch 391
Koordinaten 49° 51’ 56.52’’ N
      04° 54’ 06.97’’ O
Telefonszon 061
Postcode 5560


Membre oder och Membre-sur-Semois ass eng belsch Uertschaft an der Gemeng Vresse-sur-Semois an der Provënz Namouer. Se läit am Dall vun der Semois, do wou d'Membrette draleeft.

Bis zur Belscher Gemengereform vun 1977 war Membre en eegestänneg Gemeng.

Bis 1933 war Membre un de Schinneverkéier ugeschloss iwwer d'Streck Sedan-Bouillon. Et war eng Tramsstreck an der Meterspuer déi régional ënner dem Numm Le Bouillonnais bekannt war. Haut sinn nach just d'Reschter vun der gesprengter Bréck iwwer d'Semois, an déi zougebaut Entrée vum Tunnel ze gesinn.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Aussiichtsplaz bekannt ënner dem Numm Point de vue du Jambon.
  • D'Westenfelder Uergel an der Parkierch vun 1888.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel vu Membre-sur-Semois.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Abbé L. Evrard, Membre-sur-Semois dans son cadre naturel et historique, Dinant, Bourdeaux-Capelle.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Bréck iwwer d'Semois