Memorial fir déi ermuerte Judden aus Europa

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Vue vum Memorial op den Tiergarten, Sep. 2007.
Besicher tëscht de Steelen
Am Schnéi, Feb. 2009.

D'Memorial fir déi ermuerte Judden aus Europa, de: Denkmal für die ermordeten Juden Europas, ass e Memorial zu Berlin, dat un déi jiddesch Affer vun der Shoah am Zweete Weltkrich erënnert.

Et gouf vum Architekt Peter Eisenman an dem Ingenieur Buro Happold entworf a besteet aus 2.711 Betongsplakken, déi op enger Fläch vun 19.000 m² den héije Wee niewenteneen a Reien opgestallt sinn. All Plack (oder Steel) ass 2.38m laang, 0.95m breet a je nodeem tëscht 0.2 m bis 4.8m héich.

Zum Memorial gehéiert och en ënnerierdesche Raum, Ort der Information genannt, an deem all d'Nimm vu bekannten Holocaust-Affer ze fannen sinn.

De Memorial gouf tëscht dem 1. Abrëll 2003 an dem 15. Dezember 2004 gebaut an den 10. Mee 2005, 60 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich ageweit. Et huet ronn 25 Milliounen Euro kascht.

Fotoen [änneren]


Um Spaweck [änneren]

Commons: Memorial fir déi ermuerte Judden aus Europa – Biller, Videoen oder Audiodateien