Mensa (Stärebild)
|
|
|
|---|---|
| Däitschen Numm | Tafelberg |
| Lëtzebuergeschen Numm | Mensa |
| Laténgeschen Numm | Mensa |
| Laténgesche Genitiv | Mensae |
| Laténgesch Ofkierzung | Men |
| Positioun | um südlechen Himmel |
| Rektaszensioun | 3h 12m bis 7h 36m |
| Deklinatioun | -85° 15' bis -69° 44' |
| Fläch | 153 Quadratgrad |
| Siichtbar op de Breedegraden | 0° bis 90° Süd |
| Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
net ze gesinn |
| Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
keen |
| Hellste Stär, Gréisst |
α Mensae, 5,09m |
| Meteorstréim | - |
| Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Dorado Hydrus Octans Chamaeleon Volans |
D'Stärebild Mensa steet um Südhimmel. Déi däitsch Bezeechnung „Tafelberg“ ass haut kaum nach am Gebrauch. D'Konstellatioun gëtt meeschtens haut no der laténgescher Bezeechnung, Mensa genannt.
Inhaltsverzeechnes |
Beschreiwung[änneren]
D'Mensa ass e klengt Stärebild an der Géigend vum südlechen Himmelspol. Kee Stär ass méi hell wéi déi 5. Gréissteklass.
Nërdlech vum Mensa läit déi Grouss Magellanesch Wollek (LMC). Si ass eng kleng Begleetgalaxis vun eiser Mëllechstrooss.
Geschicht[änneren]
Den Numm vum Stärebild staamt vum franséischen Astronom Nicolas Louis de Lacaille, dee vun 1751 bis 1753 de Südhimmel vum Kap vun der gudder Hoffnung observéiert huet.
Himmelsobjeten[änneren]
Stären[änneren]
| B | F | Nimm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
|---|---|---|---|---|---|
| α | 5,07m | 33,1 | G5 V | ||
| γ | 5,18m | 101 | K4 III | ||
| β | 5,30m | 642 | G8 III | ||
| θ | 5,45m | 356 | B9 V | ||
| κ | 5,46m | 270 | B9 V | ||
| η | 5,47m | 712 | K6 III | ||
| μ | 5,53m | 483 | B9 IV | ||
| ε | 5,54m | 466 | K2 III | ||
| ζ | 5,61m | 404 | A5 III | ||
| π | 5,65m | 59,4 | G3 IV | ||
| δ | 5,66m | 408 | K2 III | ||
| ν | 5,77m | 175 | F0 V | ||
| ξ | 5,84m | 349 | G8 III | ||
| ι | 6,04m | 796 | B8 III | ||
| 31 | 6,18m | 349 | A1 V | ||
| λ | 6,18m | 386 | K0 III |
Den α Mensae, hellste Stär am Mensa, huet nëmmen eng Visuell Magnitude vun 5,08m. Et handelt sech ëm ee giele Stär mat der Spektralklass G5 V mat ähnlech physikalesch Eegeschaften, wéi eis Sonn. De Stär ass 33 Liichtjoer vun eis ewech a vermëttelt een Androck, wéi eist eege Sonnesystem vu wäitem ausgesäit.
Niwwelegt Objet[änneren]
| NGC | divers | Gréisst | Typ | Numm |
|---|---|---|---|---|
| LMC | 5m | Galaxis | Grouss Magellanesch Wollek | |
| 1841 | 12,0m |
Een Deel vun der Grousser Magellanescher Wollek (englesch: Large Magellan Cloude (LMC)) läit an der Mensa, deen aneren Deel am Stàrebild Dorado.
Déi Grouss Magellanesch Wollek ass dat hellst a gréisst niwwelegt Objet um Nuetshimmel. Si guet eng Gréisst vu fënnefmol 6°. Et handelt sech ëm eng kleng Begleetgalaxis vun eiser Mëllechstrooss op enger Distanz vun 180.000 Liichtjowe vun eis ewech. An hir si vill Stärekéip an Niwwelen, déi awer nëmmen mat Teleskopen ze gesi sinn.
An der Mensa ass och dee liichtschwaache Kugelstärekoup NGC 1841.
Kuckt och[änneren]
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Mensa – Biller, Videoen oder Audiodateien |