Menton

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Menton
VillPalmenaBlummen.JPG
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Blason région fr Provence-Alpes-Côte d'Azur.svg PACA
Departement Nice Arms.svg Alpes-Maritimes
Arrondissement Nice
Kanton Menton-Est / Menton-Ouest
Code Insee 06083
Postcode 06500
Koordinaten 43° 46' 30" N
07° 30' 00" O
Fläch Uertschaft  1 405 ha
Bevëlkerung Uertschaft  28 812 (1999)
Vue op Menton mat der Mëchelsbasilika

Menton (italienesch Mentone) ass eng Stad am franséischen Departement Alpes-Maritimes un der Côte d'Azur. Si huet ongeféier 30.000 Awunner.

Lag a Klima [änneren]

Well Menton un der Côte d'Azur läit an duerch d'Ausleefer vun den Alpe geschützt ass, zeechent d'Stad Menton sech duerch säi besonnesch mëlle Klima aus. Och am Wanter bleiwen d'Temperature relativ héich, wat an der Moyenne mat sech bréngt, datt et déi wäermste Stad a Frankräich ass. Doduerch fënnt een a ville Gäert a Plantagen exotesch Friichten déi do gutt weiderkommen, an och ëmmer zeideg ginn.

Geschichtleches [änneren]

Am Weste vun der Stad op der Colline de Pépin waren déi éischt Siidlunge mat engem Schlass.

D'Seigneurie Puypin (Podium Pinum) ass am 13. Joerhonnert un d'Famill Vento vu Genua gaangen, déi do e Schlass gebaut huet, an domatter de Grondsteen fir déi haiteg Stad geluecht huet.

1346 gouf se vun de Grimaldie vu Monaco kaaft, a blouf ënner deenen hirer Herrschaft bis 1848, wéi se sech selwer als fräi Stad déclaréiert huet, ënner dem Protektorat vum Kinnek vu Sardinien.

Bei engem Referendum 1860 huet d'Stad sech decidéiert datt se wollt zu Frankräich gehéieren.

Wirtschaftlech Bedeitung [änneren]

Kuckeswäertes [änneren]

De Musée Jean Cocteau an der aler Hafebuerg
D'Salle des mariages am Stadhaus, vum Jean Cocteau decoréiert


  • Promenade du Soleil, laanscht d'Mier
  • Mëchelskierch
  • Musée Jean Cocteau
  • Stadhaus, encadréiert vun Bananebeem
  • Salle des mariages, am Stadhaus vum Jean Cocteau decoréiert
  • De Maart a säi Marché aux Puces

Fotoalbum vu Menton [änneren]

Kuckt och [änneren]

Commons: Menton – Biller, Videoen oder Audiodateien