Menzel 1

Vu Wikipedia
Planetareschen Niwwel Menzel 1
Foto mat dem ESO 3.6m-Teleskop an dem EFOSC-Instrument
Stärebild Norma (Nor)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 15h 34m 17s
Deklinatioun - 59° 09' 09"
Ausgesinn
Visuell Magnitude 12.0 mag
Wénkelduerchmiesser 76″ × 23″
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) 3.400 ± 500 Lj
Geschicht
Entdecker Donald Howard Menzel
Entdeckungsdatum 1922
Entdeckungsplaz Boyden Observatoire
deemools zu Arequipa am Peru
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
ESO 135-11
PK 322-02 1

Menzel 1, ofgekierzt Mz 1, ass e planetareschen Niwwel am Stärebild Norma. E läit ronn 3.400 Liichtjoer vun eis ewech.

Den Niwwel gouf 1922 vum Donald Howard Menzel op Fotoe vum Bruce-24-Inch-Teleskop op der Baussestatioun vum Harvard-College-Observatoire zu Arequipa am Peru entdeckt.[1] Trotz senger héijer Hellegkeet gouf en zimmlech rar ënnersicht. E Modell erkläert seng Struktur unhand vun der Projektioun vun enger dräidimensionaler Sandauer-fërmeger Enveloppe mat enger Dicht déi vun der Taille bis zu de Polen ofhëlt. Mat enger radialer Ausdehnungsvitesse vun 23 km/s gëtt säin Alter op 4.500 bis 10.000 Joer geschat. Et geet ee beim Zentralstär, e wäissen Zwerg vun 0,63 ± 0.05 M aus.

Weider publizéiert Observatioune stame vun 1988, eng H2-Emissioun bei 2,12 µm,[2] vun 1992, mat Linnefilter an Hα an OIII,[3] a vun 2010, mam Spitzer-Weltraumteleskop bei Wellenlängte vun 3,6 µm bis 8 µm.[4]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Harlow Shapley: Five new planetary Nebulae, 1922BHarO.777R...3S
  2. B. L. Webster, P. W. Payne, J. W. V. Storey, M. A. Dopita:The systematics and distribution of molecular hydrogen in planetary nebulae, 1988MNRAS.235..533W
  3. H. E. Schwarz, R. L. M. Corradi, J. Melnick: A catalogue of narrow band images of planetary nebulae, 1992A&AS...96...23S
  4. J. P. Phillips, G. Ramos-Larios: Spitzer mid-infrared observations of seven bipolar planetary nebulae, 2010MNRAS.405.2179P