Mercator (Schëff)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Mercator
Mercator op zee.jpg
Carrière
Gebaut vun: Ramage & Ferguson
vu Leith a Schottland
Am Déngscht zanter: 1932
Status haut: Muséesschëff zu Oostende
Donnéeën
Tonnage: 778,86 BRT
Längt: 78,40 m
Breet: 11,09 m
Déifgank: 4,50 m
Zuel vu Masten: 3
Héicht vun de Masten: 41 m (Mëttelmast)
Vitesse: 13 Kniet
Equipage: 150
Eegentemer: Belsche Staat

D'Mercator ass e belscht Segelschëff, dat fréier vun der belscher Marine als Schoulschëff benotzt gouf an elo als Muséesschëff, zu Oostende am Yachthafen, bei der Gare, verankert läit.

Geschicht vun der Mercator[änneren | Quelltext änneren]

D'Steier- a Kompassbréck

Stark beuecht gouf déi 9. Rees, déi d'Mercator vum 4. Oktober 1935 bis de 4. Mee 1936 gemaach huet. Vun der Rees huet d'Schëff déi stierflech Iwwerreschter vum Pater Damien, e flamännesche Missionär, deen 1889 zu Malakaï (Hawaii) bei senger Missiounsaarbecht en Affer vun der Lepra gouf, an 1995 vum Poopst Jean-Paul II. séileg gesprach gouf, an d'Belsch heembruecht.

Grad virum zweete Weltkrich, op senger 20. Rees, huet d'Mercator e wäertvolle Bäitrag bei der Opstellung vun hydrographesche Kaarte vun der Küst vum belsche Kongo geleescht.

Am Zweete Weltkrich ass d'Schëff vun der englescher Marine opbruecht ginn, fir ënner engleschem Pavillon ze segelen. Et gouf du vu briteschen U-Booten als Depotschëff benotzt.

Nom Enn vum Krich huet d'Belsch d'Mercator zréckkrut. Well d'Schëff awer schwéier beschiedegt war, huet et 1947 missen zu Gent ganz iwwerholl ginn.

Vun 1951 bis 1960 gouf d'Schëff als Schoulschëff fir d'Ausbildung vu Matrouse vun der Belscher Marine benotzt. Et huet an där Zäit och u verschiddene Segelregatten deelgeholl.

1960 gouf d'Mercator aus dem Déngscht gezunn an zu Oostende verankert; et ass elo do als Muséesschëff ze gesinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mercator (Schëff) – Biller, Videoen oder Audiodateien