Mercedes Sosa
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Mercedes Sosa (sëtzt), mat der Cristina Fernández de Kirchner.
D' Haydée Mercedes Sosa, gebuer den 9. Juli 1935 zu San Miguel de Tucumán, a gestuerwen de 4. Oktober 2009 zu Buenos Aires, war eng argentinesch Sängerin.
D'Mercedes Sosa war eng Schlësselfigur vun der Nueva canción Bewegung. Hir Lidder hunn dacks Folklor-Elementer mat politesch oder sozial engagéierten Texter verknëppt. Hire Spëtznumm war La Negra.
Vun 1980-1982 war si virun der argentinescher Militärdiktatur no Europa geflücht.
Albumen [änneren]
- Canciones con Fundamento (1965)
- Mujeres Argentinas (1969)
- Hasta la victoria (1972)
- Cantata Sudamericana (1972)
- Todovia Cantamos (1984)
- En vivo en Argentina (1984)
- Vivir (1987)
- La Negra (1988)
- Live in Europe (1989)
- Mercedes Sosa en vivo en Europa (1990)
- Sino (1993)
- Corazón Libre, 30 años (1993)
- Escondido en mi pais (1996)
- Al despertar (1998)
- Misa Criolla (2000)
- Corazon Libre (2005)
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Mercedes Sosa – Biller, Videoen oder Audiodateien |